Boeing 747

Vu Wikipedia
D'Boeing 747-8F op hirem éischte Fluch

D'Boeing 747, och Jumbo Jet genannt, ass e véierstralege Groussraumfliger vum US-amerikanesche Fligerconstructeur Boeing, deen an der Zäit vu senger Entwécklung an de 60er Jore mat Ofstand de gréisste Passagéierfliger op der Welt war.

Säin éischte Fluch war den 9. Februar 1969, an e gehéiert zanterhier zu de bekanntsten a meeschtbenotzte Fligeren iwwerhaapt. D'Maschinne ginn haaptsächlech fir zivil Zwecker benotzt, an ënner anerem och vun der Lëtzebuergescher Loftfrachtgesellschaft Cargolux. D'747 flitt mat héijer Ënnerschallgeschwindegkeet. Déi meescht Versioune sinn als Laangstreckefliger ausgeféiert.

Charakteristesch fir d'Silhouette vun der 747 ass hire "Bockel" an deem d'Pilotekanzel an d'Sëtzer vun der Business Class sinn. Bei der Frachtversioun ass de Bockel net sou laang wéi bei de Passagéierversiounen, well ënnendrënner d'Héicht vum Frachtraum ageschränkt ass.

D'Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech hat Boeing bei enger Ausschreiwung vun der USAF fir e militäreschen Transportfliger, deen eng Capacitéit vun 270.000 kg opweise sollt, matgemaach. Lockheed hat mat hirem Modell C-5 gewonnen a Boeing war net ganz glécklech doriwwer. Si hunn trotzdeem beschloss déi zivil Loftfaart fir hire Projet ze gewannen. De Modell 747 war souzesoen de "grousse Brudder" vun der Boeing 707.

D'Produktioun ass de 25. Juli 1966 ugelaf. Déi éischt Fligere sinn un d'Pan Am, d'Japan Airlines an d'Lufthansa verkaaft ginn.

1970 huet d'Maschinn mam Fluchlinnendéngscht ugefaangen. Momentan ass de Moddell 747-400 a Produktioun. Déi lescht Versioun, d'747-400 ERF, gouf 2002 presentéiert.

Gebaut Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

747-100, 747-100B2, 747-100SR, 747-200B, 747-200B Combi, 747-B Convertible, 747-200F, 747SP, 747SR, 747-300SUD, E-4A, E-4B, 747-123 Space Shuttle Carrier, 747-400, 747-400M, 747-400D, 747-400F, 747-400ER, 747-400ERF, 747-400SF. A Produktioun sinn de 747-8 an de 747-8F.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boeing 747 – Biller, Videoen oder Audiodateien