Op den Inhalt sprangen

Rovinj

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Rovinj
Land Kroatien
Vewaltungseenheet Istra
Awunner 12.968
  31. August 2021
Fläch 77,5 km²
Héicht 0 m
Koordinaten 45°5'N, 13°38'O
Telefonszon 052
Postcode 52210
Websäit https://www.rovinj-rovigno.hr/
Panorama vun der Alstad vu Rovinj

Rovinj [ˈrɔʋiɲ] (it. Rovigno, de. fréier Ruwein) ass eng Stad a Kroatien a läit un der Westküst vun der Hallefinsel Istrien. Si huet 12.968 Awunner (Stand 31. August 2021)[1], dovu gehéiere 16,74 % zur italieenescher Minoritéit.

Geschichtlech gouf Rovinj fir d'éischt am 5. Joerhonnert als Castrum Rubini ernimmt a war fir d'éischt en Deel vu Byzanz, ier et vun de Langobarden, an du vun de Franke regéiert gouf. Vun 1283 un huet d'Stad zur Republik Venedeg gehéiert an ass du kuerz opgebléit. Du gouf Rovinj en Deel vum Räich vun den Habsburger. Nom Zesummebroch 1918, vun Éisträich-Ungarn ass Rovinj mat Istrien zu Italie geschloe ginn. No dem Zweete Weltkrich koum d'Uertschaft 1947 bei Jugoslawie respektiv bei d'Deelrepublik Kroatien, déi zanter 1991 onofhängeg ass.

D'Alstad vu Rovinj ass u sech eng Insel. 1763 gouf d'Sträif tëscht der Insel an dem Festland opgeschott.

Lag vu Rovinj op der Kaart

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
D'Stadportal vu Rovinj
  • D'Helleg Euphemia-Kierch, genannt no der chrëschtlecher Märtyrerin, déi uewen op engem Hiwwel dat charakteristescht Bild vu Rovinj dominéiert.
  • D'Uferpromenade mat hire Geschäfter
  • De Maart
  • D'Alstad
  • De Stadmusée, ee vun den eelsten am Mëttelmierraum
  • Christian Prager, Rainer Landeck: Kroatien. Zauberhafte Küsten und Inseln, Rosenheimer Verlagshaus, i. Oplo Februar 2007.
 Commons: Rovinj – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.