Op den Inhalt sprangen

Brigitte Bardot

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Brigitte Bardot
Gebuertsnumm Brigitte Anne-Marie Bardot
Gebuer 28. September 1934
15. Arrondissement
Gestuerwen 28. Dezember 2025
Saint-Tropez
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cours Hattemer,
Paräisser Conservatoire
Aktivitéit Sängerin, Autobiographin, Filmschauspillerin, Déiererechtler, discographesch Kënschtlerin, Dänzerin, Fotomodel, Schrëftstellerin, Persoun vum ëffentleche Liewen, Schauspillerin, Mannequin
Auszeechnungen Bambi, Chevalier vun der Légion d'honneur‎
Famill
Bestuet mat Roger Vadim (20.12.1952–6.12.1957),
Jacques Charrier (18.6.1959–20.11.1962),
Gunter Sachs (14.7.1966–1.10.1969),
Bernard d'Ormale (1992–28.12.2025)
Liewenspartner(in) Gilbert Bécaud (1958–1958),
Serge Gainsbourg (1967–1970)
Papp Louis Bardot
Mamm Anne-Marie Mucel
Geschwëster Mijanou Bardot
Kand Nicolas-Jacques Charrier
Websäit https://www.brigitte-bardot.fr
D'Brigitte Bardot 1968

D'Brigitte Bardot, gebuer den 28. September 1934 zu Paräis als Brigitte Anne-Marie Bardot, a gestuerwen den 28. Dezember 2025 zu Saint-Tropez[1], war eng franséisch Schauspillerin, Sängerin a Model. Si huet fir den Déiereschutz militéiert a war d'Grënnerin an d'Presidentin vun der Fondation Brigitte-Bardot.

D'Brigitte Bardot gouf besonnesch an den 1950er an 1960er Joren als internationaalt Sexsymbol ugesinn. Si gouf meeschtens als hedonistesch, sexuell fräizügeg a selbstsécher Schéinheet gecast, an huet domat wärend der sexueller Revolutioun eng nei Zort Fra am Kino definéiert. Zu hire bekanntste Filmer gehéieren Et Dieu... créa la femme, La vérité, Le mépris a Viva Maria!.

Als Sängerin huet si e puer Albumen an eng Rëtsch Singlen erausbruecht. 1973 huet si sech gréisstendeels aus dem Showbusiness zeréckgezunn an ass haaptsächlech als Déiererechtsaktivistin opgetrueden; si huet och kritesch Aussoen iwwer d'Immigratioun gemaach. Si gouf fënnef mol wéinst Rassismus verurteelt. 1992 huet si sech mam Bernard d'Ormale bestuet, engem Industriellen a Beroder vum Jean-Marie Le Pen. Zanter hir stoung si politesch dem Rietsextremismus no.[2]

Am Oktober 1968 huet d'Brigitte Bardot zweemol en Tëschestopp op hirem Wee vu Paräis op d'Bahamas zu Lëtzebuerg gemaach. Ugangs Oktober huet si am Hotel Kons op der Gare iwwernuecht an Enn Oktober am Hotel Simmer op der Musel.[3][4]

 Commons: Brigitte Bardot – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Actrice mythique: Brigitte Bardot est morte à l'âge de 91 ans. infos.rtl.lu (28.12.2025). Gekuckt den 28.12.2025.
  2. Clément Guillou, Brigitte Bardot, trente ans de sympathie pour l’extrême droite. lemonde.fr (28.12.2025). Gekuckt den 29.12.2025.
  3. Jérôme Didelot, Opnamen aus eisem Archiv, Wéi d'Brigitte Bardot zu Lëtzebuerg war. rtl.lu (29.12.2025). Gekuckt den 29.12.2025.
  4. Nora Schloesser, In den 1960er-Jahren, Ein Hauch Nouvelle Vague in Luxemburg: Brigitte Bardot zu Gast. wort.lu (29.12.2025). Gekuckt den 29.12.2025.