Gérard Philipe

Vu Wikipedia
Gérard Philipe
Portrait vun 1955
Gebuertsnumm Gérard Philip
Gebuer 4. Dezember 1922
Cannes
Gestuerwen 25. November 1959
Paräis
Doudesursaach Liewerkriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cours Simon,
Conservatoire national supérieur d'art dramatique
Aktivitéit Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur
Partei PCF
Member vun Syndicat français des artistes-interprètes
Famill
Liewenspartner(in) Maria Casarès
Kanner Anne-Marie Philipe

De Gérard Philipe, gebuer als Gérard Philip de 4. Dezember 1922 zu Cannes a gestuerwen de 25. November 1959 zu Paräis, war e franséische Schauspiller.

Am Joer 1942 huet de Gérard Philippe seng éischt Roll am Theater gespillt. Vun 1944 u war hien och beim Film als Schauspiller aktiv.

Wichteg Filmer a senger Carrière waren am Joer 1950 La beauté du diable vum René Clair mam Michel Simon, weider 1952 Fanfan la Tulipe vum Christian-Jaque zesumme mat der italieenescher Schauspillerin Gina Lollobrigida, dann 1955 Les grandes manœuvres erëm vum René Clair mat der Michèle Morgan, dem Jean Desailly an der jonker Brigitte Bardot. Groussen Erfolleg haten hien an d'Jeanne Moreau 1959 am Film vum Roger Vadim Les liaisons dangereuses nom Roman vum Pierre Choderlos de Laclos.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1956: Les aventures de Till l'Espiègle

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gérard Philipe – Biller, Videoen oder Audiodateien