Parti communiste français

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
2, place du Colonel Fabien
75019 Paräis
Frankräich
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 30. Dezember 1920
Memberen: 130.000 dovu 70.000, déi
d'Cotisatioun bezuelen (2012)[1]
Ideologie: Marxismus
Eurokommunismus
Altermondialismus
Euroskeptizismus
Ökosozialismus
Kommunismus
Europäesch Affiliatioun: Partei vun der Europäescher Lénk
Websäit: www.pcf.fr

D'Franséisch Kommunistesch Partei (op Franséisch: Parti communiste français, kuerz PCF) ass eng politesch Partei a Frankräich aus dem lénkse politesche Spektrum.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Partei gouf am Dezember 1920 um Kongress vun der Section française de l'Internationale ouvrière (SFIO) zu Tours gegrënnt. Op deem Kongress gouf d'Fro gestallt, op den SFIO Member an der Kommunistescher International soll ginn. D'Majoritéit, déi dofir gestëmmt huet, huet doropshin d'Section française de l'Internationale communiste (SFIC), den haitege PCF, gegrënnt a sech vun der SFIO getrennt. Den SFIC war deemools stalinistesch ausgeriicht a war déi bedeitendst Partei direkt nom Zweete Weltkrich. Lues a lues ass den Afloss an de Walerfolleg vum PCF zeréck gaangen, besonnesch nodeems d'Partei bei de Legislativwalen 1978 vum Parti socialiste iwwerholl gi war, an duerno nach eng Kéier bei de Presidentschaftswalen 1981.

A méi rezenter Zäit huet de PCF reagéiert andeems en eng Allianz mat anere Lénksparteien agaangen ass, dem Front de Gauche, a gläichzäiteg awer seng lokal Allianz behalen huet, notamment mam Parti socialiste, de Gréngen oder méi lénks-extreme Formatioune.

D'Zeitung L'Humanité war eng laang Zäit dat offiziellt Presseorgan vum PCF. Haut ass se eng onofhängeg Struktur mee steet der Partei awer nach no.

Generalsekretären[änneren | Quelltext änneren]

Regierungspartizipatioun[änneren | Quelltext änneren]

De PCF war e puermol a franséische Regierunge bedeelegt:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Parti communiste français – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Le JDD: Les partis politiques, revue d'effectifs (6. Januar 2012)