Luis Buñuel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Luis Buñuel (1968).

De Luis Buñuel Portolés, gebuer den 22. Februar 1900 zu Calanda, a Spuenien, a gestuerwen den 29. Juli 1983 zu Mexiko-Stad, war e spuenesch-mexikanesche Filmregisseur, deen zu de wichtegste Regisseure vum 20. Joerhonnert gezielt gëtt.

Seng éischt Filmer si staark vu Surrealimus beaflosst; de Buñuel huet mam Salvador Dalí an der Paräisser Surrealiste-Grupp ronderëm den André Breton zesummegeschafft. Dat bekanntst Wierk aus där Zäit ass Un chien andalou vun 1929, an och säin zweete Film, L'Âge d'Or, huet fir e Skandal gesuergt.

No 1945 huet hie virun allem a Mexiko Filmer an den ënnerschiddlechste Genrë gedréint.

Méi spéit hat hien als zentraalt Thema vu senge Filmer dacks de Kampf géint eng Bourgeoisie, déi just nach a repetitiven a verkuuschte Ritualer weider existéiert, wéi z. B. El ángel exterminador (1962) Belle de Jour (1967) a Le charme discret de la Bourgeoisie (1972).

Fir Le charme discret... krut hien 1973 den Oscar fir dee beschten net-engeleschsproochege Film, an um Filmfestival vu Cannes krut hien 1951 fir Los Olvidados de Präis vum beschte Regisseur, an 1961 fir Viridiana d'Gëlle Palm .

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luis Buñuel, Mon dernier soupir (autobiographie), coécrit avec Jean-Claude Carrière, 1982.
  • Conversations avec Luis Buñuel, Tomas Perez Torrent et Jose de la Colina, Paris, Cahiers du cinéma, 1993 (première édition espagnole, 1986).
  • Freddy Buache, Buñuel, Genève, L'Âge d'homme, 1990.
  • Jean-Claude Carrière Le Réveil de Buñuel, Paris, Odile Jacob, 2011.
  • Fernando Cesarman, L'Œil de Buñuel.
  • Maurice Drouzy, Luis Buñuel, architecte du rêve, Paris, Pierre Lherminier, 1978.
  • Antonio Monegal, Luis Buñuel de la literatura al cine, una poética del objeto, Barcelona, Anthropos, 1993.
  • Marcel Oms, Don Luis Buñuel, préface de Jean-Claude Carrière, Paris, Le Cerf, "coll. 07. Art", 1985.
  • Jeanne Rucar de Buñuel, Memoirs of a Woman Without a Piano: My Life With Luis Bunuel, Five Ties Publishing, 2011-
  • Marie-Claude Taranger, Luis Buñuel, le jeu et la loi, Vincennes, PUV, 1998.
  • Charles Tesson, Luis Buñuel, Paris, Étoile/Cahiers du Cinéma, coll. « Auteurs », 1995.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luis Buñuel – Biller, Videoen oder Audiodateien