Salvador Dalí
Salvador Dalí | |
---|---|
Gebuertsnumm | Salvador Domingo Felipe Jacinto Dalí i Domènech |
Pseudonym | Dali, Salvador, Dalí Domènech, Salvador |
Gebuer |
11. Mee 1904 Figueres |
Gestuerwen |
23. Januar 1989 Figueres |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Schrëftsteller, Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Fotograf, Filmschauspiller, Zeenograph, Illustrateur, Bijousdesigner, Graphiker |
Member vun | Académie des beaux-arts, Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Amanda Lear |
De Salvador Domingo Felipe Jacinto Dalí Domenech oder méi bekannt als Salvador Dalí, gebuer den 11. Mee 1904, a gestuerwen den 23. Januar 1989, war e katalounesche Moler, Sculpteur, Schauspiller an Auteur.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Salvador Dalí ass den 11. Mee 1904 zu Figueras a Spuenie gebuer. Seng Eltere waren de Salvador Dalí y Cusí, e bekannten Nottär, a d'Felipa Domenech Ferres. Säi Studium huet hien a senger Gebuertsstad gemaach an am Alter vu 14 Joer huet hien do an zu Barcelona un enger kollektiver Ausstellung fir Kënschtler deelgeholl.
Seng Mamm ass 1921 u Kriibs gestuerwen a säi Papp huet sech dorop hi mat senger Schwéiesch bestuet. Den Dalí ass dunn op Madrid gaange fir ze studéieren, wou hien och aner grouss Kënschtler kennegeléiert huet, wéi de Luis Buñuel an de Federico García Lorca.
1925 ass hien op Paräis gaange fir de Picasso ze besichen. Vun do u ware seng Biller vum Picasso a vum Kubismus beaflosst.
1926 gouf den Dalí, no villen Onroue wéinst senge fachisteschen Tendenzen, aus der Konschtakademie erausgehäit.
Seng zweet Rees op Paräis war am Joer 1929, wou e sech de Surrealisten ugeschloss huet. An dem Joer huet en och seng spéider Fra d'Gala kennegeléiert an zesumme mam Luis Buñuel de Film Un perro andaluz realiséiert. 1932 hunn den Dalí an d'Gala sech bestuet.
1940 huet de Krich ugefaangen an den Dalí ass mat senger Fra an d'USA wunne gaange bis zum Joer 1948. Et war eng vu sengen erfollegräichste Perioden.
1974 gouf den Dalí-Musée zu Figueras ageweit.
1982 ass seng Fra gestuerwen an dem Dalí säi Gesondheetszoustand huet staark ofgeholl. Hien huet sech doropshin a säi Schlass Pubol zeréckgezu wou e säi leschten Tableau gemoolt huet.
1984 ass e Feier ausgebrach an den Dalí gouf schwéier blesséiert. En ass 1989 un Häerzversoe gestuerwen a gouf an der Krypta vun engem Theater-Musée zu Figueras bäigesat.
De gréissten Deel vu senger Ierfschaft goung un de spuenesche Staat.
Seng Wierker
[änneren | Quelltext änneren]Déi bekanntst Wierker vum Dalí sinn:
- Muchacha en la ventana (1925)
- Persistencia de la memoria (1931)
- La tentación de San Antonio (1946)
- La Madonna de Port Lligat (1950)
- El Cristo de San Juan de la Cruz (1951)
- La desintegración de la persistencia de la memoria (1952-1954)
- Dalí desnudo, en contemplación ante cinco cuerpos regulares metamorfoseados en corpúsculos en los que aparece repentinamente la Leda de Leonardo cromosomatizada por el rostro de Gala (1954)
- La Última Cena (1955)
Trivia
[änneren | Quelltext änneren]Vum André Breton krut den Dalí de Spëtznumm "Avida Dollars (sic)" (giereg no Dollaren), en Anagramm fir Salvador Dalí, well hie vun engem gewësse Punkt un zimmlech vill produzéiert huet, mam eenzegen Zil fir domat séier vill Suen ze verdéngen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Dalí - L'oeuvre peint vum Robert Descharnes a Gilles Néret, Paris.
- Carré d'Art: Barbey d'Aurevilly, Byron, Salvador Dali, Hallier vum Jean-Pierre Thiollet, Paris.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Salvador Dalí – Biller, Videoen oder Audiodateien |