Anagramm

Vu Wikipedia
e Beispill vun engem Anagramm

En Anagramm, (aus dem Griicheschen anagraphein = "ëmschreiwen") ass eng rhetoresch Figur bei där e Wuert oder e Saz duerch eng Ëmstellung (Permutatioun) vu senge Buschtawen sou verschlësselt gëtt, datt sech doraus en neie Sënn ergëtt.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Am Franséischen[änneren | Quelltext änneren]

  • merci → crime
  • patricien → anticiper
  • Révolution française → Un véto corse la finira

Am Däitschen[änneren | Quelltext änneren]

  • Altenheim → Teilnahme

Am Lëtzebuergeschen[änneren | Quelltext änneren]

  • Stad Lëtzebuerg → Buergadel sëtzt

Nimm[änneren | Quelltext änneren]

  • Dem däitsche Schrëftsteller säi Pseudonym Carl Amery ass en Anagramm vu sengem Familljennumm Mayer.
  • Der franséischer Schrëftstellerin Marguerite de Crayencour hire Pseudonym Marguerite Yourcenar (dësen Anagramm ass bësse forcéiert).
  • François Rabelais => Alcofribas Nasier.
  • Arouet de Voltaire <= François-Marie Arouet, deem seng Famill vun Airvault hierkoum. Eng méi bekannt Erklärung: Anagramm vun AROVET L. I. (= Arouet l. j., fir Arouet le jeune).
  • Paul Verlaine => "pauvre Lélian".

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]