Carl Amery

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Carl Amery
Gebuer 9. Abrëll 1922
München
Gestuerwen 24. Mee 2005
München
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu München
Aktivitéit Schrëftsteller, Iwwersetzer, Schauspiller, Science-Fiction-Schrëftsteller, Ëmweltaktivist
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland, Bündnis 90/Die Grünen
Member vun Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung

De Carl Amery gebuer als Christian Anton Mayer, den 9. Abrëll 1922 zu München a gestuerwen de 24. Mee 2005 zu München, war en däitsche Schrëftsteller a Publizist.

De Jong vun engem Universitéitsprofesser fir Geschicht war zanter 1950 fräien Auteur. Hie war ee vun de Virdenker vun der ekologescher Beweegung an Däitschland, war vun 1989 bis 1991 President vum däitsche PEN-Zentrum, Member vun der Gruppe 47 a Grënnungsmember vun der Partei Die Grünen.

Nodeem hien 1946 aus amerikanescher Krichgefaangenschaft op München zeréckkoum, huet hien eng Zäitchen ënner sengem amerikaniséierten Numm Chris Mayer geschriwwen, duerno huet en als Pseudonym en Anagramm benotzt.

Hien huet Lauschterspiller an e puer Romaner geschriwwen. Richteg bekannt gouf den Amery awer duerch seng bësseg, kulturkritesch Essaien iwwer Ëmweltthemaen.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Romaner an Erzielungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Der Wettbewerb (Roman), 1954
  • Die Große Deutsche Tour (satirische Roman), 1958
  • Ich stehe zur Verfügung, 1967
  • Das Königsprojekt (Roman), 1974
  • Der Untergang der Stadt Passau (Roman), 1975
  • An den Feuern der Leyermark (Roman), 1979
  • Die starke Position oder Ganz normale MAMUS (8 Satiren), Süddeutscher Verlag, München, 1985
  • Die Wallfahrer (Roman), Süddeutscher Verlag, München, 1986
  • Die Große Deutsche Tour – Heiterer Roman aus den fünfziger Jahren, 1989
  • Das Geheimnis der Krypta (Roman), List Verlag, München, 1990

Politesch Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Kapitulation oder Deutscher Katholizismus heute, 1963
  • Das Ende der Vorsehung. Die gnadenlosen Folgen des Christentums, 1972
  • Natur als Politik. Die ökologische Chance des Menschen, 1976
  • Energiepolitik ohne Basis
  • Marsch, zurück auf die Bäume... oder: Wie wir es besser machen können (Jugend-Sachbuch), 1979
  • Leb wohl geliebtes Volk der Bayern. Ein Requiem, 1980
  • Die ökologische Chance (Das Ende der Vorsehung an Natur als Politik an engem Band), Süddeutscher Verlag, München, 1985
  • Die Botschaft des Jahrtausends, 1994
  • Hitler als Vorläufer, 1998
  • Klimawechsel. Von der fossilen zur solaren Kultur (zesumme mat dem Hermann Scheer), 2001
  • Global Exit. Die Kirchen und der Totale Markt, 2002
  • Briefe an den Reichtum, als Editeur, Mäerz 2005