Voltaire

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps bookcase.png Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Voltaire

De Voltaire (eigentlech François-Marie Arouet), gebuer den 21. November 1694 zu Paräis an och do gestuerwen den 30. Mee 1778, war e franséische Schrëftsteller a Philosoph aus dem Zäitalter vun de Lumières.

Hien huet wäit iwwer 700 Wierker hannerlooss, dorënner eenzel Texter, awer och Bicher. Ënner senge bekannte Romaner sinn ënner anerem Candide a Zadig besonnesch ervierzehiewen. Donieft huet de Voltaire och nach vill Trauerspiller geschriwwen, wéi zum Beispill Oedipe oder Brutus, an och vereenzelt Kaméidistécker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De François-Marie Arouet ass den 21. November 1694 als dat drëtt Kand vun enger gutt situéierter Famill zu Paräis gebuer. Hien huet seng Schoul am renomméierte Collège Louis-le-Grand gemaach a 1711 ugefaangen Droit ze studéieren. Schonn zu där Zäit huet hie sech allerdéngs éischter fir eng literaresch Carrière intresséiert, woumat säi Papp awer net averstane war.

1715 a 1716 ass hien duerch politesch Schrëfte géint den deemolege Regent Philippe d'Orléans opgefall. De 16. Mee 1717 gouf hie per lettre de cachet verhaft a fir déi éischt Kéier an d'Bastille, de berüchtegte Staatsprisong, bruecht, wou hien 11 Méint laang bliwwen ass. Wéi hien erëm fräikomm ass, huet hien dee Wee ageschloen, deen hien insgeheim scho méi laang envisagéiert hat. Ënner dem Pseudonym Voltaire, en Anagramm vun AROUET L J (le jeune), bei deem wéi am Latäin den U zu engem V an de J zu engem I gëtt), huet hien am November 1718 säin éischt Trauerspill, den Oedipe, opféiere gelooss. Et war en immense Succès, den Auteur gouf souguer als „neie Racine“ gefeiert.

No engem Sträit mam Chevalier de Rohan huet de Voltaire sech de 17. Abrëll 1726 op en Neist an der Bastille erëmfonnt. No engem Mount gouf hie fräigelooss, mä ënner der Konditioun, datt hie fräiwëlleg an den Exil goe géif. Sou war hien zwee Joer an England. Do huet hie séier déi englesch Sprooch geléiert a sech fir déi politesch Innovatioune vum Habeas Corpus an dem Bill of Rights begeeschtert. 1734 si seng Lettres philosophiques oder och Lettres anglaises erauskomm.

Vu 1734 bis 1749 huet de Voltaire zu Cirey an der Champagne bei der Marquise Émilie du Châtelet gewunnt, mat där hie bal bis zu hirem Doud eng Liaisoun hat. Zu Cirey si vill vu senge wichtege Wierker entstanen, sou zum Beispill de Zadig (1747).

No der Madame du Châtelet hirem Doud ass de Voltaire 1750 enger Invitatioun vum Friedrich II. vu Preisen nokomm an huet dräi Joer bei him zu Berlin respektiv Potsdam gelieft. De Kinnek vu Preisen, dee sech selwer als „opgekläerte Monarch“ bezeechent huet, war zanter ville Joren e grousse Bewonnerer vum franséische Philosoph. Lues a lues hu si sech allerdéngs ëmmer manner gutt verstanen, sou datt de Voltaire hie 1753 enttäuscht verlooss a sech zu Ferney, no bei der schwäizer Grenz, niddergelooss huet. Vun do aus huet hie weider mäerchenhaft Geschichten a philosophesch Schrëfte verfaasst an e puer Artikelen zur Encyclopédie vum Diderot an dem d'Alembert bäigedroen. Virun allem awer huet hie sech an deene leschte Jore fir d'Gerechtegkeet an d'Toleranz engagéiert, sou am Kontext vun der Affär Calas, wou hie sech och géint d'Folter an de reliéise Fanatismus ausgesprach huet.

Den 30. Mäerz 1778 ass hien erëm zréck op Paräis komm, wou hien triumphal empfaange gouf. Zwéi Méint duerno ass de Voltaire am Alter vun 83 Joer gestuerwen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Oedipe, 1718
  • Brutus, 1730
  • Lettres philosophiques, 1734
  • Zadig ou la Destinée, 1747
  • Micromégas, 1752
  • Le Siècle de Louis XIV, 1752
  • Candide ou l'Optimisme, 1759
  • Traité sur la Tolérance, 1763
  • Dictionnaire philosophique, 1764
  • L‘Ingénu, 1767

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (Ënner der Leedung vum) Raymond Trousson, J. Vercruysse a Jacques Lemaire, Dictionnaire de Voltaire ; Bréissel (Éditions du Centre d'Action Laïque; collection "Espace de Libertés"), 1994; 281 S.
  • Anne-Marie Garcia, Voltaire : Biographie, étude de l'oeuvre ; Paräis (Albin Michel; Classiques), 1993; 188 S. (ill.). ISBN 2-226-06239-4
  • Rémy Bijaoui, Voltaire avovat : Calas, Sirven et autres affaires ; Paräis (Tallandier), 1994; 256 S.
  • Pierre Lepape, Voltaire le conquérant : Naissance des intellectuels au siècle des Lumières ; Paräis (Seuil), 1994; 390 S.
  • Pierre Sipriot, Voltaire ou la Liberté de l'esprit ; Monaco (éd. du Rocher), 1989.
  • René Pomeau, La Religion de Voltaire ; Paräis (éd. Nizet), 1974.
  • Jean Orieux, Voltaire ou la royauté de l'esprit ; Paräis (Flammarion), 1966.- Mat dësem Wierk krut den Auteur de "Prix des critiques".

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Voltaire – Biller, Videoen oder Audiodateien