Friedrich II. vu Preisen

Vu Wikipedia
Friedrich II. vu Preisen
Gebuer 24. Januar 1712
Berlin
Gestuerwen 17. August 1786
Potsdam
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Herrscher, Konschtsammler, Monarch
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften
Famill
Kanner keng
Parzeläinsfigur vum Grousse Fritz

De Friedrich II., och Friedrich de Groussen oder Der Alte Fritz genannt, gebuer de 24. Januar 1712 zu Berlin, a gestuerwen de 17. August 1786 zu Potsdam, war zanter 1740 Kinnek a Preisen an zanter 1772 Kinnek vu Preisen. Hie war dat véiert Kand vum Kinnek Friedrich Wilhelm I. an der Sophie Dorothea vun Hannover.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Seng Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De Friedrich II. als jonke Mann

De Friedrich gouf vu sengem Papp Friedrich Wilhelm I., dem "Zaldotekinnek", autoritär, haart a militäresch erzunn. 1730 hat hien zesumme mat sengem Frënd aus der Kandheet, dem Hans Hermann vu Katte, versicht an England ze flüchten, wat allerdéngs net geklappt hat. Déi zwéi goufen an der Festung Küstrin agespaart, wou de Katte anscheinend virun den Aen vum Friedrich higeriicht gouf (dës Iwwerliwwerung ass allerdéngs ëmstridden). Aner enk Frënn vum Friedrich waren zu där Zäit de Peter Karl Christoph von Keith an den Hans Karl von Winterfeldt.

Nodeem säi Papp Drock gemaach hat, allerdéngs och well hie selwer vu Membere vum Haff wéi dem Friedrich Wilhelm vu Grumbkow oder Jacob Paul vu Gundling beaflosst gi war, huet hie sech mat der Elisabeth Christine vu Braunschweig-Bevern bestuet, déi wäitleefeg mat den Habsburger Famill war. Déi zwee hate keng Kanner. De Friedrich huet déi gréisst Zäit getrennt vun hir gelieft, an zesummen huet een d'Koppel nëmmen op Fester gesinn. Hien huet awer sengem Papp misse verspriechen, seng Fra net ze verstoussen. Déi eenzeg glécklech Joer vun der Koppel kéinten déi zu Rheinsberg gewiescht sinn (1736-1740), mä et ass net sécher op dat net nëmme gespillt war, fir datt de Papp säi Kapp a Rou leeë konnt.

De Friedrich als Kinnek[änneren | Quelltext änneren]

Statue op der Buerg vun Hohenzollern

Direkt nodeem hie 1740 gekréint gi war, huet den éischte Schlesiekrich ugefaangen, wou hie fir Preisen eng staark Regioun erobere wollt, mat enger Grenz déi méi einfach ze verdeedege war. Preise selwer war net räich u Rohstoffer.

Am éischte Krich huet hie mat sengem Generolfeldmarschall Kurt Christoph Grof vu Schwerin Schlesien eruewert. Am Zweete Schlesiekrich konnt hien dës Eruewerung erfollegräich verdeedegen. Am Siwejärege Krich si seng Truppen a Kursachsen amarschéiert. Domat konnt hien engem koordinéierten Ugrëff vun enger Allianz vu praktesch allen Nopere vu Preisen, inklusiv de Groussmuechten Éisträich, Frankräich a Russland entgéint wierken, dee vum éisträichesche Kanzler Grof Kaunitz geplangt gi war. D'Zueleverhältnis vun der preisescher Arméi géintiwwer der Allianz war zirka 1:3, dat vun der renger Bevëlkerungszuel vun de Staaten zirka 1:20. Duerch säi strategescht Geschéck, wat taktesch Feeler relativéiert huet, krut hien de Bäinumm "de Groussen".

Mat der Eruewerung vu Schlesien am Éischte Schlesiekrich (174042) hat de Friedrich d'éisträichesch Schwächt, no den Diskussioune ronderëm d'Pragmatesch Sanktioun an dem Enn vum Krich géint d'Tierken, (1739) ausgenotzt. Mä domat war Schlesien nach laang kee sécheren Territoire vu Preisen. Den zweete Schlesiekrich (1744-45) an de Siwejärege Krich hunn awer ganz Europa gewisen, datt Preisen och zu de Groussmuechten zielt. Preise konnt sech géint de Widderstand vu fënnef europäesche Groussmuechte behaapten, (Frankräich, Éisträich, Russland, Schweden, Sachsen-Polen). Doduerch konnt de Friedrich, no der Meenung vu Leit wéi dem Voltaire an dem Mirabeau bis zum Walther Rathenau an dem Sebastian Haffner dem modernste vun den deemolege Staaten eng zolidd existenziell Basis am politesche Wettsträit sécheren. Nieft Russland, Éisträich, Frankräich an England hat sech Preisen als fënneft europäesch Groussmuecht etabléiert.

Déi Éischt Polnesch Delung (1772) ass op eng Initiativ vum Friedrich II. zeréckgaangen. Éisträich a Russland, wat zanter 1764 mat Preisen alliéiert war, waren um beschte Wee fir sech gläich nees ze bekrichen. Streng no der opgekläerter "Raison d'état" huet de Friedrich II. deenen zwéi Kontrahenten ugebueden, hir Problemer an engem ënnerleeënen Nopeschland bäizeleeën. Preisen huet dat sougenannt Polnisch-Preußen (Westpreisen) annektéiert. Vun dësem Moment un, huet sech de Friedrich II., Kinnek vu Preisen an net méi, sou wéi seng Virgänger, Kinnek a Preise genannt.

Adolph vu Menzel : Tafelrunde De Friedrich II. (Mëtt) zu Sanssouci mam Voltaire (lénks) an den Haaptpersonnagë vun der Berliner Akademie, 1850, fréier Nationalgalerie, Berlin, 1945 am Flaktuerm Friedrichshain verbrannt.

Als jonke Kinnek huet de Friedrich a ganz Europa opmierksam op sech gemaach, well hien op d'mannst inoffiziell d'Folter ofgeschaaft huet (Befeel vum 3.6.1740 un de Justizminister Cocceji, mat der Nuance, datt Folter bei "großen Mordtaten, wo viele Menschen ums Leben gebracht", nach kéint gebraucht ginn; ganz ouni Nuance ofgeschaaft am Joer 1754; am selwechte Joer verbueden d'Folterungsverbuet ze verëffentlechen), d'Reliounsfräiheet verkënnegt huet, an dat bis dohin éisträichescht Schlesien ageholl huet. Säi Motto: "Ich bin der erste Diener meines Staates." Aner Verdéngschter vum Friedrich II. waren d'Entwécklung vum Droit, zemol d'"Allgemeines Landrecht". An der Landwirtschaft gouf d'Gromper als Nahrungsmëttel agefouert, den Drömling an den Odenbruch goufen dréchegeluecht an de Friedrich ënnerhellt Reformen a Militär- an Erzéiungswiesen, a schaaft e staarke Beamtestand, deen all Bierger gläich behandele soll.

Ënner dem Friedrich II. war Preisen och fir seng Toleranz géintiwwer Awanderer vu reliéise Minoritéite bekannt, wat ekonomesch natierlech Virdeeler bruecht huet. Um Forum Fridericianum zu Berlin stinn eng protestantesch an eng Kierch nieftenaner, wat am 18. Joerhonnert eenzegaarteg war. Dem Friedrich gëtt dann och follgende Sproch nogesot: "Jeder soll nach seiner Façon selig werden". Allerdéngs hat och d'Toleranz hir Grenzen, wat d'Judden ugeet, sou huet de Friedrich sech ganz un d'diskriminéierend Politik vu senge Virgänger gehalen (Revidéierte General-Privileeg 1750). Preise war déi éischt absolutistesch Monarchie an Europa, déi eng - zwar ageschränkte - Pressefräiheet agefouert huet.

Ausserdeem war et zur Zäit vum Friedrich II. méiglech, datt all Bierger sech konnt un de Kinnek wenden, entweeder andeems en e Bréif geschriwwen huet, oder perséinlech eng Audienz kréie konnt. Ausserdeem huet hie versicht, de Feudalsystem a Grenzen ze halen. Dobäi war hie besonnesch sengen eegene Beamte géintiwwer mësstrauesch, deenen hien am Zweiwelsfall ënnerstallt huet, fir hiren eegene Profit ze schaffen.

„Es mißfällt mir sehr, daß mit den armen Leuten, die in Prozeßsachen in Berlin zu tun haben, so hart umgegangen wird und daß man sie mit Arrest bedroht, wie das beispielsweise mit dem Jacob Dreher aus Ostpreußen geschehen ist, der sich eines Prozesses wegen in Berlin aufhält und den die Polizei hat arretieren wollen. Ich habe das bereits untersagt und möchte Euch hiermit zu erkenne geben, daß in meinen Augen ein armer Bauer ebenso viel gilt wie der vornehmste Graf und der reichste Edelmann. Das Recht gilt ebenso für vornehme wie für geringe Leute!“ (Bréif vum Friedrich II. u säi Justizminister, 1777)

Déi vun him gewënscht Ofschafung oder op d'mannst Ofschwächung vun der Läifeegeschaft konnt de Friedrich II. duerch staark Resistenze vum preisesche Landadel net duerchsetzen, mä gouf wéinstens um Territoire vun der Monarchie befollegt. An neie Gebidder goufen Dierfer gebaut a mat fräie Baueren ugesidelt. Bei Verlängerung vun de Pachtverträg war et üblech, datt d'Kniecht iwwer hir Behandlung ausgefrot goufen, a wann déi net gutt war, da konnt de Pächter ausgetosch ginn, och wann de Betrib wirtschaftlech Erfolleg hat.

Ënner dem Friedrich II. goufen och Honnerte vu Schoule gebaut. De Schoulsystem war allerdéngs net wierklech sou effizient wéi de Friedrich dat gär gesinn hätt, well d'Ausbildung vun de Schoulmeeschteren net iwwerall déi selwecht war. Dacks goufe fréier Ënneroffizéier agestallt, déi nëmme bedingt Liesen, Schreiwen a Rechne konnten.

De Friedrich II. ass de 17. August 1786 zu Sanssouci gestuerwen. Obschonn hien nieft sengen Hënn op der Terrass vu Sanssouci begruewe gi wollt, huet säin Nofollger hien an der Garnisounskierch zu Potsdam bäisetzte gelooss. 1944 gouf d'Doudelued an d'Elisabettekierch op Marburg bruecht, an eréischt 1952 op Initiativ vum Louis Ferdinand op d'Buerg Hohenzollern. No der däitscher Wiedervereinigung gouf de Kinnek nees zeréck op Potsdam bruecht an do a senger Gruft wéi hien et wollt begruewen.

Genealogie[änneren | Quelltext änneren]

┌──< Friedrich Wilhelm (16201688)
│ Kurfürst vu Brandenburg
│
┌──< Friedrich I. (16571713)
│ Kinnek a Preisen
│ │
│ └──< Louise Henriette vun Oranien (16271667), 
│...
│
┌──< Friedrich Wilhelm I. (16881740), Zaldotekinnek
│ Kinnek a Preisen
│ │
│ │ ┌──< Ernst August (16291698), 
│ │ │ Kurfürst vun Hannover, kuckt ënnen
│ │ │
│ └──< Sophie Charlotte vun Hannover (16681705)
│ │ 
│ └──< Sophie vun der Pfalz (16301714)
│ kuckt ënnen
│...
│
Friedrich II. (17121786), Friedrich de Groussen
Kinnek vu Preisen
│
│ ┌──< Ernst August (16291698),
│ │ Kurfürst vun Hannover, kuckt uewen
│ │
│ ┌──< Georg I. (16601727)
│ │ Kinnek vu Groussbritannien a Kurfürst vun Hannover
│ │ │
│ │ └──< Sophie vun der Pfalz (16301714)
│ │ kuckt uewen
│ │
└──< Sophie Dorothea vun Hannover (16871757)

...

│
│ ┌──< Georg Wilhelm (16241705)
│ │ Herzog vu Braunschweig a Lüneburg zu Calenberg a Lüneburg
│ │
└──< Sophie Dorothea vu Braunschweig-Lüneburg (16661726), Prinzessin vun Ahlden

...

│
└──< Eleonore d'Olbreuse (16391722)

...

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Gedanken und Erinnerungen des Preußenkönigs., ISBN 3-88851-167-4
  • Theodor Schieder, Friedrich der Große – Ein Königtum der Widersprüche. ISBN 3-548-26534-0
  • Karl Otmar von Aretin, Friedrich der Große. Herrscher zwischen Tradition und Fortschritt. ISBN 3-570-05104-8
  • Oswald Hauser, Friedrich der Große in seiner Zeit. ISBN 3-412-08186-8
  • Johannes Kunisch, Friedrich der Große. Der König und seine Zeit. Beck, München 2004, 624 S., ISBN 3-406-52209-2
  • Ingrid Mittenzwei, Friedrich II. von Preußen, Berlin, 1979
  • Dieter Wunderlich, Vernetzte Karrieren. Friedrich der Große, Maria Theresia und Katharina die Große., ISBN 3-7917-1720-0
  • Peter Lill, Friedrich der Große, Anekdoten. Ullstein Verlag 1991, ISBN 3-548-34865-3
  • Christian Graf von Krockow, Friedrich der Grosse. Ein Lebensbild. Verlag:Bastei Lübbe, ISBN 3-404-61460-7.
  • Wolfgang Venohr, Der große König Verlag Gustav Lübbe 1995, ISBN 3-7857-0681-2
  • Wolfgang Venohr, Fridericus Rex, Friedrich der Große-Porträt einer Doppelnatur Verlag Gustav Lübbe 1985 und 2000, ISBN 3-7857-2026-2

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friedrich II of Prussia – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Friedrich Wilhelm I.
Kinnek vu Preisen
1740 - 1786
Nofollger:
Friedrich Wilhelm III.