Op den Inhalt sprangen

Gromper

Vu Wikipedia
Gromper
Gromperen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Magnoliophyta
Klass Rosopsida
Uerdnung Solanales
Famill Nuetsschietgewächser(Solanaceae)
Gattung Solanum
Wëssenschaftlechen Numm
Solanum tuberosum
L.
Illustratioun

D'Gromper (Solanum tuberosum; deels och Bupp[1] genannt) ass eng Notzplanz déi wéi d'Tomat, de Paprika an den Tubak zur Famill vun de Solanaceae (Nuetsschietgewächser) gehéiert. D'Planz staamt aus den Anden (Peru). Am allgemenge Sproochgebrauch gëtt d'Wuert "Gromper" just fir déi ënnerierdesch Knoll gebraucht.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Gromper ass wat d'Quantitéiten ugeet dat véiertwichtegst Liewensmëttel op der Welt. Et gëtt eng Abberzuel Zorten, grondsätzlech ënnerscheet een an der Kichen tëscht feste Grompere fir z. B. an Zaloten (z. B. Nicola), mielzege Grompere fir Püree oder Fritten (z. B. Bintje), an dann déi "éischter fest" Grompere mat Eegenschaften déi do dertëscht leien (z. B. Charlotte, Désirée). D'Gromper gëtt awer och als Fuddermëttel an an der Industrie gebraucht, do ënner anerem fir Steif ze gewannen a fir d'Fabrikatioun vun Ethanol.

Wirtschaftlech Aspekter

[änneren | Quelltext änneren]

Hautdesdaags gëtt d'Gromper a méi wéi 100 Länner ugebaut an 2005 goufen der weltwäit 322 Milliounen Tonne gezillt[2]. Déi gréisst Produzente sinn (a Milliounen Tonnen):

Land 1995 2000 2005 2010
China 46 66 73 75
Indien 17 25 25 36
Russland 40 31 36 21
Ukrain 15 20 19 19
USA 20 23 19 18
Däitschland 11 12 11 10
Polen 25 24 11 09

Lëtzebuerg huet e Selbstversuergungsgrad mat Grompere vun ongeféier 60 Prozent. Vun 1960 bis 2010 ass d'Produktioun vun iwwer 100.000 Tonnen op knapps 20.000 erofgaangen.[3] No engem weidere liichte Réckgang ëm ronn 5.000 Tonnen ass se zanter 2017 (Stand: 2025) relativ stabil: 2024 goufe 17.732 Tonne produzéiert, 2018 waren et der 16.211.[4]

Joer 1960 1970 1980 1990 2000 2005 2010 2015 2016 2017 2018 2019 2020 2021 2022 2023 2024
Produktioun 102.989 67.908 33.900 22.963 27.858 19.329 19.531 12.971 18.714 21.284 16.211 15.330 16.368 16.224 14.606 12.757 17.732

Am Éislek ass d'Produktioun vu Setzgromperen zanter 1945 am Kader vun der Éisleker Setzgromperegenossenschaft (Synplants) organiséiert, déi iwwer 90 % vun de Setzgromperen exportéiert, virun allem an Nordafrika.

Inhaltsstoffer

[änneren | Quelltext änneren]

Gepellte/geschielte Grompere bestinn zu 78 % aus Waasser, dowéinst bréngen 100 g et just op 85 kcal. Donieft enthale se nach[5]:

Wann de Proteingehalt vun de Gromperen och ganz bescheiden ass, sou huet dat wéinegt wat dran ass awer wéinstens e ganz héije biologesche Wäert (déi héchst bei de Planzen).

An der Gromper si wéi an de meeschten Nuetsschietgewächser Gëftstoffer, virun allem den Alkaloid Solanin, deen an alle gréngen Deeler vun der Planz, de Bléien an de Knollen (an do absënns an der Schuel) ze fannen ass. Duerch d'Kachen zitt en zum groussen Deel an d'Kachwaasser.

D'Knolle sollen am Däischtere versuergt ginn, soss produzéiere se nach méi Solanin fir sech géint Friessfeinden an d'Fäulnes ze schützen, wat een dorun erkennt, datt se sech gréng verfierwen. Gréng a gekéngt Grompere kënnen déck geschielt a mat erausgepickten "Aen" nom Kachen héchstens nach vun Erwuessene giess ginn, mä op kee Fall méi vu klenge Kanner.

 Commons: Gromperen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (lb) Bupp. LOD - Lëtzebuerger Online Dictionnaire. www.lod.lu. Gekuckt den 23.11.2021.
  2. Statistik vun der FAO
  3. STATEC Archivéiert de 14.11.2012. Gekuckt den 02.07.2012.
  4. "Rekord Grompere-Recolte an Europa: Präisdrock concernéiert déi Lëtzebuerger Bauere manner. rtl.lu, 12.11.2025.
  5. Bayeresch Landesanstalt fir Landwirtschaft: D'Gromper (PDF)