Tomat

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Tomat
Tomatoes-on-the-bush.jpg
eng Kludder Tomaten
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Solanales
Famill Nuetsschietplanzen
Gattung Solanum
Aart Tomat
Wëssenschaftlechen Numm
Solanum lycopersicum
L., 1753
verschidden Zorten, verschidden zeideg
Vuë vun der Fruucht

D'Tomat (Solanum lycopersicum) ass eng Planzenaart aus der Famill vun de Solanaceae. Den Numm kënnt hier vu xītomatl an der Aztekensprooch Nahuatl. Ëmgangssproochlech gëtt virun allem hir Fruucht, déi als Geméis verschafft gëtt, esou genannt; et handelt sech ëm eng Bierefruucht.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Tomateplanz ass eng krauteg, eejäreg, zweejäreg oder geleeëntlech och ausdauernd Planz, déi ufanks riichtop, méi spéit hänkeg an dann um Buedem wiisst. Eenzel Äscht kënne bis zu 4 m laang ginn. Den Haaptstrank huet kleng reng Hoercher, déi drüsenaarteg Spëtzen hunn, déi e staarke Geroch vu sech ginn.

D'Friichte si Bieren, a gewéinlech 1,5 bis 2,5 cm am Duerchmiesser. Bei kultivéierte Planze ann dee bis 10 cm sinn. D'Fruucht besteet aus zwou Kummeren, an deenen de Som wiisst. Wann d'Friichten zeideg sinn, hu s'eng kräfteg rout Faarf, och alt giel oder orange.

D'Tomat kënnt ursprénglech aus Mëttel- a Südamerika, woubäi d'Wëllformen vun Nordchile bis Venezuela doheem sinn. No der Eruewerung vun der sougenannter 'Neier Welt' koum d'Tomat och an Europa. De Spuenier Hernán Cortés huet uganks vum 16. Joerhonnert déi éischt aus Mexiko matbruecht. Iwwer Sardinien an Neapel, déi zu Spuenie gehéiert hunn, koum d'Tomat geschwënn an Italien. Vu 1544 ass déi éischt prezis Beschreiwung duerch den Italiener Pietro Andrea Mattioli iwwerliwwert (Hie beschreift d'Fruucht als giel, wat dann och den italieneschen Numm pomi d’oro - Gëllenen Apel"; haut pommodoro - erkläere géif). Am En Tibi Herbarium zu Leiden vun circa 1555 ass dat eelsten Exepmlar an Europa beluecht. Am 16. a 17. Joerhonnerten waren Tomateplanzen eng Raritéit a goufe just fir räich Leit gezillt, mat deenen ee sech bei sengen Invitéë bretze konnt. Si goufe virun allem gezillt fir schéin ze maachen, well een iwwerzeegt war, d'Fruucht wier gëfteg. Eréischt am 17. Joerhonnert gouf déi Meenung opginn.

Um Enn vum 19. Joerhonnert hat se sech als ëmmer méi als Geméisplanz duerchgesat, a gouf an Zoppen, Zaloten an Zosen an der Kiche verschafft.


2019 goufen der FAO no weltwäit 180.765.931 Tonnen Tomate rekoltéiert.[1]

Déi gréisst Tomateproduzente sinn: produzierten.

(2019)
Plaz Land Quantitéit
(an t)
1 Flag of the People's Republic of China.svg China 62.764.671
2 Flag of India.svg Indien 19.007.000
3 Flag of Turkey.svg Tierkei 12.841.990
4 Flag of the United States.svg USA 10.858.990
5 Flag of Egypt.svg Egypten 6.751.856
6 Flag of Italy.svg Italien 5.252.690
7 Flag of Iran.svg Iran 5.248.904
8 Flag of Spain.svg Spuenien 5.000.560
9 Flag of Mexico.svg Mexiko 4.271.914
10 Flag of Brazil.svg Brasilien 3.917.967
Top Ten 135.916.542
all aner Länner zesummen: 11.034.989

An der EU sinn déi gréisst Produzen Italien, Spuenien a Portugal. Holland huet 2019 ëmmerhin an Zären 910.000 Tonnen produzéiert.

Et ginn iwwer 3.100 Zorten op der Welt, an nach eng Kéier souvill, déi net offiziell registréiert sinn.

Tomate bestinn zu 95 Prozent aus Waasser, ausserdeem sinn dra Vitaminn A, B1, B2, C, E, Niacin, Mineralstoffer, besonnesch Kalium, ma och Biotin, Folsaier, Thiamin, Pantothensaier; Alpha- & Beta-Carotin, Kalium, Chlorogensaier, Zitrounesaier, Glykoalkaloider, Glykoproteiner, Lignin, Lutein, Lycopin p-Cumarsaier, an 10 Spuerenelementer virun allem Silizium; Tyramin an Zeaxanthin, ze fannen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tomat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Crops > Tomatoes op fao.org, 2021-01-25.