Biotin

Vu Wikipedia
Biotin
Strukturformel
Wëssenschaftlechen Numm
Biotin
Cheemesch Formel
C10H16N2O3S
Dagesbedarf
100 µg
Virkommen
Leguminosen, Innereien, Eegiel, Soja
Physikalesch Eegenschaften
Aggregatzoustand fest
Faarf keng Faarf
Léislechkeet léist sech am Waasser op
0,2 g/l (20 °C)
Dicht ? g/cm³
Molmass 244,31 g/mol
Schmëlzpunkt 232-233 °C
Siedepunkt ?


De Biotin, Vitaminn B7 oder Vitaminn H ass e Vitaminn, dee sech am Waasser opléist.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Biotin oder Vitaminn H ass e Vitaminn aus der B-Grupp deen Ufanks de 30er Joren entdeckt gouf.

Eegenschaften a Struktur[änneren | Quelltext änneren]

Biotin ass waasserléislech an zimmlech onempfindlech beim Wierme vu Liewensmëttel. Beim Konservéiere vu Liewensmëttel geet allerdéngs vill vun dësem Vitaminn verluer. Seng cheemesch Formel ass: C10H16N2O3S

Virkommen[änneren | Quelltext änneren]

Biotin kënnt a ville Liewensmëttel vir, allerdéngs just a ganz klenge Quantitéiten. Gutt Liwwerante sinn d'Hief, d'Liewer, d'Eegiel an d'Nëss.

Biotin
Liewensmëttel Gehalt vum Vitaminn
(µg/100 g)
Liewer 100 - 130
Béierhief 115
Sojabounen 60
Cashewnëss 28
Héngeree 25

Aufgaben a Bedarf[änneren | Quelltext änneren]

De Vitaminn ass zoustänneg fir datt d'Zelle wuessen a fir d'Bilde vum Hautgewief, de Blutzellen an de männleche Sexualhormonen. En ënnerstëtzt de Kuelenhydrat-, Eewäiss- a Fettstoffwiessel an d'Funktioun vum Nervesystem a Schankemuerch. Déi deeglech Biotinopnam soll tëscht 30 a 60 µg leien.

Manktem[änneren | Quelltext änneren]

E Manktem trëtt seelen op, well Biotin a ville Liewensmëttel vertrueden ass. Méi en héije Risiko fir e Manktem hunn allerdéngs Puppelcher, well an der Mammemëllech kee Biotin ass, a Leit déi fëmmen, well d'Fëmme méi Biotin verbraucht. Unzeeche fir e Manktem si Verännerunge bei den Hoer oder vun der Haut.