Op den Inhalt sprangen

Retinol

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Vitaminn A)
Vitaminn A
Strukturformel:

Wëssenschaftlechen Numm
Retinol
Cheemesch Formel
C20H30
Dagesbedarf
0,8 - 1 mg
Virkommen
Mëllechprodukter, Liewer
Muerten, Eegiel
Physikalesch Eegenschaften
Aggregatzoustand fest
Faarf /
Léislechkeet Fett
Dicht /
Molmass 286,46 g/mol
Schmëlzpunkt tëscht 62 a 64 °C
Kachpunkt tëscht 137 an 138 °C


Retinol oder Vitaminn A ass en essentielle Vitaminn.

De Vitaminn A gouf am Joer 1913 zesumme vum Elmer McCollum mat der Marguerite Davis entdeckt, seng cheemesch Struktur gouf awer eréischt 1931 entschlësselt.

Eegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]

Vitaminn A gëtt et a verschiddene Formen. Den Haaptvertrieder ass de Retinol, donieft gëtt et de Retinal, d'Retinsaier an de Vitaminn A Ester.

Vitaminn A ass an Déiereprodukter wéi Fësch, Liewer, Mëllechprodukter an Eeër. D'Carotinoide fënnt ee virun allem a Planzeprodukter wéi Muerten, Brokkoli, Paprika, Aprikosen, Kiischten, Tomaten, Spinat (Päinetsch) a Péiterséileg, also a Planzen déi giel-rout-orange sinn.

Vitaminn A
Liewensmëttel Gehalt vum Vitaminn
(µ/100 g)
Liewer vum Schwäin 39.100
Liewer vum Kallef 21.900
Liewer vum Rand 15.300
Liewer vum Poulet 11.600
Éil 980
Camembert 631
Botter 653
Nier vum Kallef 210

Aufgaben a Bedarf

[änneren | Quelltext änneren]

Vitaminn A brauch ee fir d'Funktioun an d'Deele vun den Zellen. Beaflosst gëtt de Wuesstem an d'Bildung vun der Haut, de Schläimhait, dem Knorpeltissu, der Vue an d'Entwécklung vum Embryo. En ass ausserdeem zoustänneg fir d'Ofwier vu Krankheetserreeger a fir d'Produktioun vu Sperma.

Den Haaptspäicher fir de Vitaminn A ass d'Liewer. Vun do aus gëtt en dann iwwer d'Blutt an d'Zellen transportéiert. D'Carotinoiden (Planzefaarfstoffer) ginn am Dënndaarm zu Retinol gespléckt an iwwer d'Lymph transportéiert. Vitaminn A ass ausserdeem – als Bestanddeel vum Photopigment Rhodopsin, deen an de Stäbchenzelle vun der Netzhaut virkënnt – zoustänneg fir Dimmerliicht ze gesinn.

Den duerchschnëttlechen Dagesbedarf vu Vitaminn A ass 0,8 mg, deen een awer och a Form vu Carotin, dann awer 2 mg, kann zou sech huelen. Fraen déi erwaarden oder nieren, ma och Jugendlecher sollen den Dagesbedarf e bëssen eropsetzen.

Vitaminn A reagéiert sensibel op d'Liicht, Sauerstoff an d'Hëtzt.

E Manktem vu Vitaminn A mécht sech haaptsächlech duerch Appetitverloscht, Wuesstumsstéierungen, Nuetsblannsinn, Infektiounsufällegkeet, Ofhuele vun der Séikraaft, héich Liichtempfindlechkeet, Hoerausfall an dréchen Haut bemierkbar a gëtt och Hypovitaminos genannt. E Manktem ass an de westlechen Industrielänner ganz rar, kann awer bei Veganer optrieden.

Iwwerdoséierung

[änneren | Quelltext änneren]

Vitaminn A kann een och iwwerdoséieren, well en am Géigesaz zu de waasserléisleche Vitaminnen net ausgescheet ka ginn. Dat gëtt Hypervitaminos genannt a kënnt eigentlech just vir, wann ee méi wéi 30 mg den Dag anhëlt. Unzeechen dofir si Kappwéi, Erbriechen, Schwindel, sech allgemeng schappeg fillen, Middegkeet, Hoerverloscht, dréchen Haut, Menstruationsproblemer, Liewervergréisserung a geschwolle Gelenker. Bei enger Schwangerschaft kann et souguer zur Mëssbildung vum Fötus féieren.

Commons: Retinol – Biller, Videoen oder Audiodateien