Embryo

Vu Wikipedia
En Embryo mat 6 Wochen

En Embryo ass e Liewewiesen an der fréier Form vun der Entwécklung. D'Wëssenschaft déi sech mat der embryonaler Entwécklung beschäftegt ass d'Embryologie.

Beim Mënsch gëtt en Embryo no der Entwécklung vun de bannenzegen Organer, vun der néngter Schwangerschaftswoch un, Fötus genannt. An der Embryonalperiod, déi vun der drëtter bis déi néngte Woch dauert, entwéckele sech d'Organer an d'Gewief. Wärend dëser Zäit ass den Embryo besonnesch ufälleg géintiwwer Aflëss déi schiedege kënnen. Et ass eng zimmlech kritesch Entwécklungsphase.

Bei den Déiere gëtt den Organismus, dee sech aus enger befruchter Eezell (Zygot) entwéckelt, Embryo genannt, soulaang en nach am Mammendéier oder an der Schuel vum Ee ass.

Bei de Planze besteet den Embryo aus der Keimwuerzel (Radicula), der Sprossknosp (Plumula) an dem Keimblat (Kotyledon).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Embryology – Biller, Videoen oder Audiodateien