Schwangerschaft

Vu Wikipedia

Eng Schwangerschaft gëtt an der Humanmedezin den Zäitraum genannt, an dem eng befrucht Eezell am Kierper vun enger Fra zu engem Kand räift.

Si dauert vun der Befruchtung bis zur Gebuert duerchschnëttlech 266 Deeg oder wann een den Dag vun der Befruchtung net kennt gi 40 Woche vum éischten Dag vun der leschter Reegel u gerechent. Sou laang brauch e Fötus fir sech z'entwéckelen an eegestänneg liewen ze kënnen.

Just 4 Prozent vun de Kanner kommen zum gerechenten Datum op d'Welt. 10 Deeg méi oder manner kann et zum Datum variéieren. Eng Gebuert virun der 37. Schwangerschaftswoch gëtt als Fréigebuert bezeechent.

De Laf vun der Schwangerschaft[änneren | Quelltext änneren]

Éischten Trimenon[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Trimenon ass deen éischten Drëttel vun der Schwangerschaft, also déi éischt dräi Méint, a geet vun der Befruchtung bis zur 12. Schwangerschaftswoch.

Schwangerschaftswoch 1 - 4 (1. Mount)[änneren | Quelltext änneren]

Als Befruchtung oder Konzeptioun gëtt de Moment genannt an dem sech eng Eezell mat enger Somzell verschmëlzen. Wann d'Eezell sech dann am Uterus anist, entsteet eng Schwangerschaft. Bei der Befruchtung gëtt schonn d'Geschlecht bestëmmt. Am Eileiter deelt sech déi befruchten Eezell (Zygote) schonn den éischten Dag. D'Zellen deele sech ëmmer méi a wandere Richtung Uterus, wou se ongeféier de fënneften Dag ukommen. Dës Unioun vun den Zelle gëtt Blastozyst genannt. D'Blastozyst nist sech dann den 10 Dag am Uterus an. D'Blastozyste deelt sech dann an déi baussent Schicht, den Trophoblast, wouraus sech d'Plazenta entwéckelt, an den Embryoblast, aus dem den Embryo entsteet. D'Plazenta an den Embryo sinn duerch d'Nuebelschnouer matenee verbonnen. No der 16. Woch kann e mat engem Schwangerschaftstest eng Schwangerschaft feststellen.

Schwangerschaftswoch 5 - 8 (2. Mount)[änneren | Quelltext änneren]

Den 2. Mount bréngt vill Verännerunge fir déi zukünfteg Mamm a weider Fortschrëtter an der Entwécklung vum Embryo.

D'Fruchtwaasser entsteet a beim Embryo si schonn de Kapp, de Kierper an Äerm a Been z'erkennen. D'Gesiichtsform bilt sech, den Nervesystem fänkt u sech z'entwéckelen an d'Häerz schléit scho mat ëm déi 145 x an der Minutt. D'Bluttgefäässer verbannen d'Häerz mat der Plazenta iwwer d'Nuebelschnouer.

Well de Kierper vun der Mamm sech op d'Schwangerschaft astellt, kënne verschidde Malaisen optrieden, wéi Iwwelzechkeet, Briechreiz an Iwwerginn, déi duerch de Schwangerschaftshormon hCG ausgeléist ginn. Dobäi kënne Middegkeet, Stëmmungsschwankungen an Iwwerempfindlechkeet vun der Broscht kommen.

Schwangerschaftswoch 9 - 12 (3. Mount)[änneren | Quelltext änneren]

Den Embryo gëtt elo Fötus genannt. D'Haaptorganer, geneesou wéi d'Aen an d'Adeckelen, d'Fangern an d'Zéiwen, hu sech geformt. D'Bauchspäicheldrüs an d'Liewer funktionéieren.

Bei der Mamm geet d'Leeschtung duerch de vergréisserte Bluttvolumen erof an duerch d'Vergréissere vun de Gefäässer kënne Varicen oder Bluddungen an der Nues oder am Zännfleesch optrieden.

Zweeten Trimenon[änneren | Quelltext änneren]

Den zweeten Trimenon ass deen zweeten Drëttel vun der Schwangerschaft, also de 4, 5 a 6 Mount, a geet vun der 13. bis zur 24. Schwangerschaftswoch.

Schwangerschaftswoch 13 - 16 (4. Mount)[änneren | Quelltext änneren]

De Fötus fänkt u seng Verdauung an d'Schlecken ze trainéieren. En drénkt kleng Schluppe vum Fruchtwaasser a scheet dës duerch d'Blos erëm aus. D'Hoer an d'Neel fänken u mat wuessen. Um Enn vun dësem Mount entwéckele sech d'Genitalien. De Fötus ass elo am Duerchschnëtt 15 cm grouss a 200 g schwéier.

Fir d'Mamm fänkt elo déi méi stabil Schwangerschaftszäit un. Vun elo un geet d'Gewiicht pro Mount ongeféier ëm 1 - 1,5 kg erop an d'Kalorienzoufuer soll ganz liicht gesteigert ginn. Schwangerschaftssträife kënnen duerch d'Dehne vum Bindegewebe entstoen an et kann zu Alagerunge vu Waasser un den Hänn, Äerm, Been a Féiss kommen.

Schwangerschaftswoch 17 - 20 (5. Mount)[änneren | Quelltext änneren]

De Fötus wiisst ëmmer weider. En ass elo scho sou grouss, datt vun der 18. Woch un, seng Beweegungen ze spiere sinn. Fir sech géint d'Fruchtwaasser ze schütze bilt sech un der Haut eng Fettschicht (Vernix caseosa) déi d'Kierpertemperatur regléiert an zum Deel och nach bei der Gebuert do ass.

Schwangerschaftswoch 21 - 24 (6. Mount)[änneren | Quelltext änneren]

De Fötus kann elo batter vu séiss ënnerscheeden an e reagéiert elo och schonn op optesch an akustesch Reizer vu baussen. En ass elo ongeféier 25 cm grouss a weit 500 g.

Drëtten Trimenon[änneren | Quelltext änneren]

Den drëtten Trimenon ass dee leschten Drëttel vun der Schwangerschaft, also de 7, 8, 9 an 10. Mount, a geet vun der 25. bis zur 40. Schwangerschaftswoch.

Schwangerschaftswoch 25 - 28 (7. Mount)[änneren | Quelltext änneren]

De Fötus drénkt elo ëmmer méi Fruchtwaasser. Duerch den erhéichte Bedarf u Fruchtwaasser kritt d'Mamm ëmmer méi Waasseralagerungen an den Hänn a Féiss. D'Waasser gëtt vum Fötus iwwer d'Haut an de Mond opgeholl an a Form vun Urin erëm ausgescheet. D'Mass vum Fruchtwaasser schwankt wärend der ganzer Schwangerschaft tëscht 300 ml an 1,5 Liter.

De Fötus ka vun der 28. Woch un d'Ae schonn opmaachen an hell vun däischter ënnerscheeden.

D'Gewiicht vun der Mamm hëlt ëmmer méi zou, wouduerch et zu Réckeproblemer féiere kann. D'Ootmung fält och ëmmer méi schwéier, well d'Organer am Kierper ëmmer méi zesummegedréckt ginn an d'Longen doduerch och ëmmer manner Plaz hunn.

Ab der 26. Woch huet de Fötus scho gutt Iwwerliewenschancen. Um Enn vum 7. Mount weit d'Kand ëm déi 1000 Gramm an ass am Duerchschnëtt 35 cm grouss.

Schwangerschaftswoch 29 - 32 (8. Mount)[änneren | Quelltext änneren]

All d'Organer, ausser der Long, sinn elo vollstänneg entwéckelt.

Déi éischt Mëllech, och Kolostrum genannt, huet sech wärend de leschte Wochen an der Broscht vun der Mamm entwéckelt. Et besteet d'Méiglechkeet, datt se elo schonn a minimaler Quantitéit erauskënnt.

Déi éischt Kontraktiounen, oder Senkwéien, kënnen optrieden. Si daueren am Prinzip net laang, +- 20 Sekonnen, a sinn och vu ville Mamme guer net ze spieren. De Bauch gëtt kuerz haart duerch den Uterus dee sech rhythmesch zesummen zitt.

Duerch de gestéierte pH-Wäert vun der Vaginalschleimhaut kënne Pilzinfektiounen oder bakteriell Infektiounen optrieden, déi an dem Fall behandelt musse ginn.

Um Enn vum Mount weit de Fötus ongeféier 2000 g an ass ëm déi 40 cm grouss.

Schwangerschaftswoch 33 - 36 (9. Mount)[änneren | Quelltext änneren]

Eng gréng-schwaarz pecheg Mass fëllt d'Gedäerms vum Fötus, d'Mekonium oder Kandspech genannt. Dës si d'Réckstänn aus dem Fruchtwaasser, de Lanugohoer, Schläim a Galeflëssegkeet. No der Gebuert gëtt dës Mass vum Kand ausgescheet.

Spéitstens elo dréit de Fötus sech an déi definitiv Gebuertslag.

D'Lanugohoer, déi um ganze Kierper sinn, falen no an no aus.

Schwangerschaftswoch 37 - 40 (10. Mount)[änneren | Quelltext änneren]

Déi lescht Wochen hëlt de Fötus haaptsächlech nach just u Gewiicht zou. Iwwer d'Plazenta kritt en d'Antikierper iwwer de Bluttkreeslaf vun der Mamm. De Baby ass ongeféier 48 – 54 cm grouss, weit tëscht 2800 a 4000 gr. an den duerchschnëttleche Kappëmfank ass bei de Jonge 35 cm a bei de Meedercher der 34.

Medezinesch Kontrolle wärend der Schwangerschaft[änneren | Quelltext änneren]

William Hunter, Anatomia uteri humani gravidi tabulis illustrata, 1774

Bei enger normaler Schwangerschaft, ouni gréisser Komplikatiounen, gi Visitten an engem Ofstand vu 4 Wochen am Ufank vun der Schwangerschaft, an ab der 32. Schwangerschaftswoch all 2 Woche virgeschloen. No dem Termin soll een dann all 2 Deeg eng Visite beim Dokter maachen. All d'Ënnersichunge ginn an engem Mammepass festgehalen. Vum Gesetz festgehale si 5 medezinesch Ënnersichunge bei engem Gynekolog, woubäi déi éischt innerhalb deenen éischten dräi Schwangerschaftsméint muss sinn, an eng Ënnersichung bei engem Zänndokter. Dëst ass eng vun de Viraussetzunge fir eng Allocation Prénatale ze kréien. Zu deenen normalen Ënnersichunge gëtt och am Duerchschnëtt all Trimester eng Echographie gemaach fir d'Entwécklung vum Fötus z'iwwerwaachen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schwangerschaft – Biller, Videoen oder Audiodateien