Nier

Vu Wikipedia
Mënschlech Niere vun hanne gesinn, ouni d'Wirbelsail

D'Nier ass en Organ bei de Wierbeldéieren dat et zweemol am Kierper gëtt an dat eng regulatoresch Roll spillt.

D'Wuert "Nier" kënnt vum dem algriicheschen νεφρός, nephros. D'Nephrologie ass d'Spezialitéit an der Medezin déi sech mat den Niere beschäftegt. Well dat Organ op laténgesch ren heescht gi Phänomener a Krankheeten, déi duerch d'Niere bedéngt sinn, als "renal" bezeechent.[1]

Mënschleche Kierper[änneren | Quelltext änneren]

Beim Mënsch leien d'Niere lénks a riets nieft dem Réckstrank ongeféier an der Héicht vun den ënneschte Rëpper. Jee no Kierpergréisst ass eng mënschlech Nier ronn 9–12 cm laang, 4–6 cm breet an 3–5 cm déck, a weit ongeféier 150 g.[1]

D'Niere scheede Flëssegkeeten a Gëftstoffer aus dem Kierper aus. An de klenge Bluttgefäässer vun den Nierekierpecher gëtt d'Blutt gefiltert. All harnflichteg Stoffer, dat heescht déi, déi iwwer den Urin ausgescheet musse ginn, ginn zesumme mat Waassermoleküllen erausgefiltert. Esou ginn deeglech ongeféier 180 Liter Flëssegkeet gefiltert. 99 % dovu gëtt erëm zeréck an de Kierper geféiert an déi aner ongeféier 1,5 Liter Flëssegkeet pro Dag ginn an der Harnblos gesammelt an als Urin ausgescheet. Déi Filterfunktioun ass liewesnoutwenneg fir de Mënsch. Wann d'Nieren net méi funktionéieren, dann triede séier Vergëftungssymptomer op, well de Kierper d'Gëftstoffer net méi evakuéiere kann.[2]

D'Niere produzéieren och wichteg Hormoner a reguléieren de Waasser- a Salzgehalt am Kierper.[2]

Obwuel de Mënsch zwou Nieren huet, kann och nëmmen een Organ déi noutwendeg Funktioune bewältegen. E Mënsch kann also och ouni Komplikatioune mat nëmmen enger Nier liewen.[2] D'Niere gehéieren dofir zu deenen Organer oder Kierperdeeler, déi zu Liefzäite vum Spender gespent kënne ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nieren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Klinikum rechts der Isar - Technische Universität München: Die Niere - Funktion und Erkrankungen (gekuckt de 17. November 2016)
  2. 2,0 2,1 2,2 Deutsche Gesellschaft für Nephrologie: Basisinformationen zur Nephrologie (gekuckt de 17. November 2016)