Harnblos

Vu Wikipedia
D'Blos (giel) am Kierper vum Mann (lénks) a vun der Fra (riets).

D'Harnblos (lat.: vesica urinaria; gr.: kýstis), ëmgangssproochlech dacks einfach nëmme Blos genannt, ass en Organ am Kierper vum Mënsch an den Déieren. Si ass deen Deel vum Harnsystem, an deem den Urin (am Däitschen och „Harn“ genannt) tëschegespäichert gëtt. Si verhënnert och, datt den Urin erëm vum Kierper zeréck opgeholl gëtt.[1]

Bei de Wierbeldéiere fléisst den Urin aus den Nieren ouni Ënnerbriechung eraus. Fir datt een net permanent aus dem Kierper drëpst, fléisst e fir d'éischt iwwer den Ureter (Harnleiter) an d'Blos. Do gëtt e gesammelt, fir datt d'Liewewiesen den Urin nëmmen heiansdo a gewollt aus dem Kierper ka loossen. De Prozess vum Eidelmaache vun der Blos gëtt als „urinéieren“ oder „Waasser loossen“ bezeechent, oder ëmgangssproochlech méi vulgär och als „pissen“. Dat Eidelmaache gëtt méiglech, wann d'Schliissmuskelen um Buedem vun der Blos sech entspanen. Da fléisst den Urin iwwer d'Urethra (Harnröhre) fort.

D'Kapazitéit vun der mënschlecher Blos variéiert mat der Kierpergréisst tëscht ongeféier 900 an 1.500 Milliliter.[2] Bei de Männer trëtt e staarken Drang ze urinéieren am Schnëtt op, wann an d 'Blos mat 350 bis 750 Milliliter gefëllt ass; bei de Fraen am Schnëtt scho bei 250 bis 550 Milliliter.[3] Ofhängeg vu bestëmmte Reizer kann et awer och scho bei enger vill méi klenger Fëllung oder ongewollt zum spontanen Eidelmaache kommen.

Beim Mënsch läit d'Blos geschützt am Becken.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Harnblos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. krebsgesellschaft.de: Harnblase - Anatomie und Funktion
  2. DocCheck Flexikon: Harnblase
  3. urologielehrbuch.de: Urodynamik (Harnblasendruckmessung): Zystometrie