Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Harnblos

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 2 Joer vum Bdx am Sujet Lemma

Lemma

[Quelltext änneren]

Net sécher, wéi een d'"Blos" nenne soll. Ech géif dee verlëtzebuergeschten däitsche Begrëff "Harnblos" gebrauchen. "Pissblos" a "Seecheblos" schéngen ze vulgär. "Urinblos" géif eventuell goen, mee dat hunn ech och nach ni héieren. De franséische Begrëff "Vessie" kléngt och komesch am Lëtzebuergeschen. Meenung? Kennt een e lëtzebuergeschen Urolog, fir ze Froen, wat eng gängeg Praxis ass? --Bdx (Diskussioun) 10:32, 1. Dez. 2023 (UTC)Äntweren

Mëtteg,
Harnblos ass fir mech eng gutt Léisung… Den LOD kennt zwar d'Harnblos net, dofir awer Harnsaier an Harnleiter… Esou falsch kann d'Harnblos also net sinn. GilPe (Diskussioun) 17:25, 1. Dez. 2023 (UTC)Äntweren
Wann et dem LOD nogeet dann heescht se einfach Blos. Firwat soll d'Wikipedia en anert Wuert erfannen. --2A02:A03F:A199:6C00:180F:242C:B01A:DCAF 17:31, 1. Dez. 2023 (UTC)Äntweren
Merci, GilPe fir d Feedback. An zu der anerer Bemierkung: et gëtt ebe méi wéi just eng Blos am Kierper. "Blos" eleng ass jo och schonn am Artikel genannt. --Bdx (Diskussioun) 12:09, 4. Dez. 2023 (UTC)Äntweren