Aprikos

Vu Wikipedia
Aprikos
Aprikosen op engem Bam
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Rosidae
Uerdnung Rosales
Famill Rosaceae
Ënnerfamill Spiraeoideae
Gattung Prunus
Wëssenschaftlechen Numm
Prunus armeniaca
L.
Aprikosebam an Zentralkappadokien, Tierkei
Aprikosebléien zu Benhama, Kaschmir.
Eng an eng hallef Aprikos
Aprikosen déi gedréchent ginn (Tierkei).

D'Aprikos ass d'Fruucht vum Aprikosebam (Prunus armeniaca) aus der Gattung Prunus an der Famill vun de Rosaceae.

Dës Steefruucht kënnt ursprénglech aus Nordost-China, vu wou se no Westen hi verbreet gouf. Den Numm vun der Spezies Armeniaca weist drop hin, datt et d'Géigend vum haitegen Armenien war, vu wou se zur Réimerzäit via Griicheland am Mëttelmierraum an a Südeuropa verbreet gouf. Méi spéit war et virun allem am ungaresche Flaachland, wou Aprikose gezillt goufen. Hautdesdaags ginn an Europa d'Aprikose virun allem a Spuenien an an Italie gezillt. D'Tierkei (absënns d'Provënz Malatya) produzéiert 85 % vun der Weltproduktioun vu gedréchenten Aprikosen an Aprikosekären.

2010 huet d'Tierkei 476.132 t produzéiert, op zweeter Plaz war den Iran mat 400.000 t. Duerno koumen Usbekistan mat 325.000 t an Italie mat 252.892 t[1]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Op eegenem Stamm ginn Aprikosebeem gewéinlech 6 m, alt bis zu 10 m héich. Dofir gëtt an der Zuucht meeschtens e Stamm geholl, deen net sou héich wiisst, woudrop d'Äscht déi Friichten droe sollen, geprafft ginn. D'Schuel vum Stamm ass glat a blénkeg roudelzeg-brong. D'Blieder si 5 bis 10 cm laang, 3 bis 7 cm breet, gréng gefierft, breet eefërmeg bis ronnelzeg oval, an uewe spatz. D'Bléien, déi virun de Blieder kommen, sti meeschtens eenzel, méi rar a Koppelen. Se hunn en Duerchmiesser vun ongeféier 2,5 cm auf. De Bléiebecher besteet aus 5 Kielechblieder a 5 Krounblieder. Déi si blatzeg-rosa bis wäiss a sinn 10 bis 15 mm laang. Et gëtt eng 20, alt bis 30 Stëbsblieder.

D'ausgewuesse Fruucht huet en Duerchmiesser vu 4 bis 8 cm ass bal kugeleg, huet e liichte samettege Flom an ass hellgiel bis orangerout gefierft. Déi Säit wou se méi Sonn kritt, huet dacks karminrout Flecken oder Tëppelen. Laanscht eng Säit ass vun uewen no ënnen eng Fuer. De Kär sëtzt labber bannendran a léisst sech liicht vum Fruuchtfleesch lassmaachen.

Kulturell Aspekter[änneren | Quelltext änneren]

An Europa goufen Aprikose laang fir Aphrodisiaka gehalen. Am William Shakespeare sengem A Midsummer Night's Dream oder am John Webster sengem The Dutchess of Malfi komme se z. B. an där Funktioun vir.

A China si se Symbol fir e jonkt Meedchen oder och fir e Wonsch no Kanner.

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert Aprikos geet op dat laténgescht praecox „fréi zeideg“ zeréck. Iwwer dat byzantinesch-griichescht πρεκόκκια prekókkia goung d'Wuert an d'Arabescht als |البرقو al-barqūq iwwer, vu wou et, mam Artikel-Prefix al- vum Portugiseschen (albricoque) a vum Spueneschen (albaricoque) iwwerholl gouf, a vun do aus iwwer d'Franséisch (abricot) an d'Hollännescht (abrikoos) an déi meescht aner europäesch Sproochen.

Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Aprikose kënne réi giess ginn, mä ginn och gär als Gebeess oder Kraut verkacht, op Taarte geluecht, oder fir Drëpp gebrannt oder als Likör verschafft. An Éisträich si s'als Marille ganz populär, do gi se an de Marillenknödel an a Fueskichelcher, Beigneten (Marillenkrapfen) oder Fluede verschafft, och an d'Sachertorte kënnt däers Gebeess, et gëtt Marillefester, asw.

De Som am Stee gesäit aus wéi eng kleng Mandel, schmaacht batter an no Marzipan. Et ass Amygdalin dran an ass also gëfteg. Et soll een, wann iwwerhaapt, net méi wéi een oder zwéin där Kären am Dag iessen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aprikos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Websäit vun der FAO – Countries by commodity – Apricots.