Provënz Malatya

Vu Wikipedia
Lag
Opdeelung

D' Provënz Malatya (Armeenesch: Մալաթիա, Zazaesch Meletiye, Kurmandschi "Meletî", Griichesch Melitene ass eng tierkesch Provënz an Ostanatolien, genannt no hirer Haaptstad Malatya. Ronderëm leien d'Provënzen Elazığ an Diyarbakır (am Osten), Adıyaman (Süden), Kahramanmaraş (Westen) a Sivas an Erzincan (Norden).

Malatya läit um nordwestleche Bord vun den Taurus-Bierger.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Regioun ass zanter der Jongsteenzäit besidelt. 1750 v. Chr. gouf et Deel vum Räich vun den Hethiter, dono vun den Assyrer, de Meder an de Perser, ier den Alexander de Groussen et an den hellenistesche Muechtberäich bruecht huet. Dono koumen d'Réimer, d'Byzantiner, d'Araber, d'Seldschuken an zanter 1515 d'Osmanen.

Vun 1915 un ass do de Vëlkermuerd un der armeenescher Minoritéit geschitt. Déi, wou iwwerlieft hunn, hunn zu Jerewan de Quartier Malatya-Sebastia gerënnt. 1924 gouf dat tierkesch Malatya zu enger tierkescher Provënz.

Landkreesser[änneren | Quelltext änneren]

Malatya ass zanter 2012 eng Groussstad (Büyükşehir belediyesi). Zanter 2014 sinn all Landkreesser direkt dem Ieweschte Buergermeeschter vu Malatya ënnerstallt. Déi 13 Landkreesser sinn deemno gläichzâiteg Sektioune vun der Stad.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Provënz ass dee gréisste Produzent vun Aprikosen op der Welt. D'Friichte kréien do hire Kär erausgeholl a gi gedréchent.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: ) – Biller, Videoen oder Audiodateien