Gebeess

Vu Wikipedia
Äerdbier-, Quidden- a Prommegebeess

Gebeess ass en traditionellt Liewensmëttel, dat gewéinlech aus agekachtem Uebst an Zocker gemaach gëtt.

Jee nodeem sinn d'Proportiounen Uebst-Zocker méi oder manner 1:1. Den Zocker mécht d'Produkt net nëmme séiss, en hëlleft och, et ze konservéieren. Jee no Uebstzort kënnt e Mëttel dobäi, fir d'Gebeess méi steif ze maachen, wéi z. B. Pektin.

Gebeesser, déi nëmmen aus dem Jus vun de Friichte bestinn, gi Jelli genannt.

Gebeess gëtt gewéinlech op der Schmier giess; et kann een et och z. B. a Jugurt oder wäisse Kéis ënnermëschen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gebeess – Biller, Videoen oder Audiodateien