Stoffi

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wäisse Kéis)
Dësen Artikel iwwer d'Theema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Stoffi oder Wäisse Kéis (dt.:Quark) ass eng Kéisspezialitéit, déi zu Lëtzebuerg staark gefrot ass an och do produzéiert gëtt.

Et ass extreem "jonke" Kéis, deen entsteet, wann een de Wässeg vun der Brach trennt, doduerch datt een en no e puer Deeg duerch en Duch ofschëtt. An d'Brach ginn dann e puer Käre Salz gemëscht. En huet eng sämeg Konsistenz an en héije Fiichtegkeetsgehalt. Deemno muss e bannent e puer Deeg verdillegt ginn, well e soss schimmeleg gëtt.

Stoffi kann ee grad sou wéi de Jugurt mat Friichten oder mat Gebeess mëschen, Zocker drënnerréieren, oder e Schotz Rahm draginn, jiddwereen no sengem Goût.

A Frankräich fënnt een de Wäisse Kéis a verschiddene Géigenden op der Dessertskaart.