Brach
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Mëllechprodukt. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Brach (Homonymie). |
D'Brach ass Mëllech, déi duerch Bakterien déckflësseg ginn ass, oder och déi fest Matière, déi bei der Kéisveraarbechtung entsteet, wa Mëllech liwwert. Dee flëssegen Deel gëtt Wässeg genannt.
D'Brach kann da weiderverschafft gi fir verschiddenen Zorte vu Kéisdeegen hierzestellen.
Am Liewensmëttelhandel zu Lëtzebuerg entsprécht d'Brach dem franséische Lait caillé a gëtt zu de frëschen oder jonke Kéise gerechent. De festen Deel dee beim liwweren entsteet a geholl gëtt fir Kéis oder aner fest Produkter ze maachen heescht op Däitsch Bruch an op Franséisch caillé.
Historesch gouf d'Brach an der lëtzebuergescher Kichen absënns an Zäite vun Hongersnout als Bäilag zu gequellte Grompere giess[1].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Brach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Luxlait (Ed.): Brach. 09.2025, S. 81 (fr). www.luxlait.lu (gekuckt de 24.04.2026). „Brach“