Saccharos

Vu Wikipedia
Saccharos
Saccharos
Systemateschen Numm (IUPAC) Saccharos
Trivialen Numm Zocker; Haushaltzocker
Cheemesch Formel C12H22O11
Ausgesinn / Geroch wäisse kristallege Feststoff
Eegenschaften
Dicht 1,58 g/cm³
Léislechkeet grouss glaskloer Kristaller
Agregatzoustand fest
Molmass 342.30 g/mol
Schmëlzpunkt 185-186 °C, zersetzt sech >160 °C
Thermodynamesch Daten
Weideres

Saccharos oder Haushaltszocker oder wéi am allgemenge Gebrauch einfach Zocker (ital.: zucchero, arab.: sukkar, aalind.: sarkara).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fréier gouf meeschtens mat Hunneg (Europa) an Zockerrouerjus (Indien) geséisst. Et gëtt ugeholl datt d'Verfahre fir den Zockerrouerjus an Zocker ze kristalliséieren am 4. Joerhonnert no Christus an Indien entwéckelt gouf. Iwwer arabesch Händler koum dunn dëst Wëssen eriwwer an Europa a vun do aus an déi verschidden europäesch Kolonien, wou du grouss Zockerrouerplantagen entstane sinn.

Zocker war am Ufank haaptsächlech en Heel- a Stäerkungsmëttel, an huet sech eréischt méi spéit als Genossmëttel entwéckelt.

An der Mëtt vum 18. Joerhonnert gouf dunn den Zocker aus Zockerrommele gewonnen a gouf am 19. Joerhonnert zu engem groussen Industriesecteur ausgebaut.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

An der Chimie ass et d'Bezeechung fir kristallesch, waasserléislech a meeschtens séiss Kuelenhydraten a gehéiert zu den Einfachzockeren an Oligosacchariden, wat déi allgemeng Bezeechnung vun der Saccharos ass, en Zweefachzocker. Si besteet aus engem Moleküll α-D-Glukos an engem β-D-Fruktos.

Virkommen[änneren | Quelltext änneren]

Saccharos kënnt a ville Friichten- a Planzejuse vir a gëtt haaptsächlech aus Zockerrouer, Zockerrommelen, Zockerahorn an der Zockerpalm gewonnen. De Grondstoff aus dëse Planze gëtt fir d'Zockerproduktioun benotzt.

Zorten[änneren | Quelltext änneren]

Zockerzorte ginn am Allgemengen nom Ausgesinn ënnerscheet:

  • den Haushaltszocker (Saccharos): ass dee bëllegsten an einfachsten Zocker an ass net sou reng wéi de wäissen Zocker.
  • de wäissen Zocker: ass rengen Zocker deen eng ganz gutt Qualitéit huet.
  • de brongen Zocker: schmaacht méi kräfteg a gëtt aus karamellhaltegem Zockersirup hiergestallt.
  • de Pudderzocker: ass gemuelene wäissen Zocker.
  • den Kristallzocker: ass déckkärege wäissen Zocker.
  • de Geléierzocker: wäissen Zocker gëtt mat Pektin an Zitrounen-- oder Wäisaier versat a gëtt benotzt fir z. B. Gebeess ze machen.
  • den Amachzocker: ass déckkärege wäissen Zocker dee fir d'Amaache vu Friichte benotzt gëtt.
  • de wäisse Kandiszocker: sinn déck Kristaller déi aus rengen Zockerléisunge ganz lues kristalliséiert ginn.
  • de bronge Kandiszocker: en ass d'selwecht wéi dee wäissen, just datt do nach karamelliséierten Zocker dobäi kënnt.
  • den Invertzocker: do gëtt bei der Saccharos nach duerch en Zousatz vu Saier d'Glukos an d'Fruktos opgespléckt a gëtt haaptsächlech zur Hierstellung vu Kamelle gebraucht.

Gesondheetswäert[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Verdauung gëtt den Zocker a seng Bestanddeeler zersat: an d'Glukos an an d'Fruktos. Hien huet guer keng Mineralstoffer oder Vitaminnen, mä e ganz héijen Energiegehalt. Den Nährwäert vun 1 g Zocker läit bei 4 kcal. Den Zocker verursaacht Karies, well en duerch seng pecheg Eegenschafte laang un den Zänn hänke bleift.

Zockerkonsum an Däitschland

Bedeitung a Gebrauch vum Zocker[änneren | Quelltext änneren]

Weltwäit ginn all Joer bal 90 Milliounen Tonnen Zocker hiergestallt. An den Industrielänner gehéiert en zu de Grondernierungsmëttelen. Vun de Kuelenhydrater ginn eleng 28 % a Form vun Zocker konsuméiert. 12 % vun der Energiezoufuhr staamt vum Zocker. Zocker gëtt benotzt fir Gedrénks wéi Kaffi oder Téi ze séissen an ass a ville Liewensmëttelle wéi am Schokola oder a Bakwueren ze fannen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Zockerausstauschmëttel

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sucrose – Biller, Videoen oder Audiodateien