Pudderzocker

Vu Wikipedia
Pudderzocker (wäiss) deen duerch e Kichesift um Gebäck verdeelt gëtt.

Pudderzocker oder Mielzocker ass wäisse raffinéierten Zocker, deen esou reng gemuel ass, datt en d'Konsistenz vu Stëbs oder Pudder huet.

E gëtt geleefeg beim Dekoréiere vu Kuchen an Taarte benotzt, entweder a senger ursprénglecher, dréchener Form, oder als Glasur mat e bësse Flëssegkeet vermëscht. Wéinst senger klenger Partikelgréisst kann ee Pudderzocker séier mat anere Materialie mëschen an e gëtt dofir och dacks bei der Zoubereedung vu Crème an Deeg gebraucht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pudderzocker – Biller, Videoen oder Audiodateien