Diskussioun:Pudderzocker

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, souwäit wéi ech wees gëtt zu Lëtzebuerg sou dee Kristallzocker genannt deen net sou reng gemuel ass. Dat wat déi Däitsch Puderzucker nennen gëtt zu Lëtzebuerg gemenkerhand mielegen Zocker genannt. --2A02:A03F:A199:6C00:1C1:4A2F:CF3F:521C 14:36, 29. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]

Moien,
Dat wat um Bild ze gesinn ass, also deen Zocker, deen een z. B. op d'Eisekuchen oder d'Fueskichelcher mécht, kennen ech just als Pudderzocker; mielegen Zocker hunn ech nach ni héieren, héchsten Mielzocker, mä awer net geleefeg. GilPe (Diskussioun) 16:42, 29. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]
Schléisse mech dem GilPe un mat enger klenger Bemierkung:
Wéi ech e klenge Bouf war si mir op den Dierfer nach ee bei deen aneren heem spille gaangen. Do hunn ech dann op eemol erausfonnt datt a veschiddenen Haiser Saachen anescht genannt goufen, deels ofhängeg dervun op déi Famill méi e stiets Aschlag het, oder en ettlech Memberen aus enger aner Géigend waren. Sou gouf zu Uewerpallen z. B. a verschiddenen Haiser wéi bei der Butzebomi oder aneren déi méi en Areler Aschlag haten guddekaf fir bëlleg gesot. Beim Zocker war et besonnesch a méi einfachen Haiser dacks esou datt just tëscht Stéckerzocker a Pudderzocker ënnerscheet gouf, awer de Pudderzocker am Sënn vun dësem Artikel net bekannt war. Ech hunn dat gutt bei menge Bomae gesinn. Déi eng war eng einfach Bauerefra fir déi de Pudderzocker dee méi reng gemuelene Kristalzocker war. Meng aner Boma déi richteg kache geléiert hat an a Frankräich en ettlech Joer Kächin an engem dichtegen Haus war huet deen Ënnerscheed wuel kannt. Wéi ech eng Kéier Pudderzocker gefrot hunn, fir mer eng Zockerschmier ze maachen, huet si mer gesot datt ech dat falscht Wuert géif gebrauchen. Si sot mir dunn dat deen Zocker deen ech gären hätt Schmullzocker wier an dee méi graffen Kristalzocker. Deen zu Stëbs gemuelenen huet si Pudderzocker genannt oder och nach Glaséierzocker, well dee gebraucht gouf fir d'Patisserien ze glaséieren. Am LOD fënnt een en och nach ënner Mielzocker. Duerfir mach ech och mol dee Redirect. --Les Meloures (Diskussioun) 17:52, 29. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]
Interessant Diskussioun, merci fir äre Feedback. Ech hunn den Artikel als Pudderzocker ugeluecht well ech en esou kennen an en esou am LOD steet. Ech setzen elo och "Mielzocker" an den Artikel, wa mir schonn dee Redirect hunn.--Bdx (Diskussioun) 21:22, 29. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]