Kuch

Vu Wikipedia
E Gebuertsdagskuch mat enger Käerz.

E Kuch ass ass e Liewensmëttel op Basis vu Miel, dat generell séiss ass an am Uewe gebak gëtt. Aner Zutate vum Kuch si meeschtens Zocker, Botter an Eeër.

Kuche ginn an ënnerschiddleche Kontexter konsuméiert, mee an der westlecher Welt si se wichteg Komponente vu Fester wéi Gebuertsdagsfeieren oder Hochzäiten. Heiansdo si Kuchen opwänneg dekoréiert.

E Kuch kann direkt op engem Bakblech oder an enger Form gebak ginn.

Beispiller vu Kuche sinn de Marmerkuch, de Bamkuch, de Korëntekuch, de Stollen, d'Charlotte, déi russesch Mutz vum Monomach an den osteuropäesche Pirogg.

Den Ënnerscheed tëscht engem Kuch an enger Taart ass net ëmmer kloer. D'Taart huet meescht eng Basis aus Mierf- oder Hiefdeeg, déi dann zum Beispill mat Uebst beluecht ass, wéi zum Beispill bei der Äppel- Rubbarbs- oder der Quetschentaart.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kuchen – Biller, Videoen oder Audiodateien