Liewensmëttel

Vu Wikipedia
Joachim Beuckelaer, 1560-1565

Liewensmëttel sinn d'Ernierungsmëttel, déi d'Mënsche fir d'Iwwerliewe brauchen. Am Géigesaz zu de Genossmëttel, déi de Kierper net brauch, si si fir den Organismus a fir all Kierperfunktiounen noutwenneg.

Liewensmëttel fir Déiere ginn allgemeng Fudder oder Fuddermëttel genannt.

Nierwäert[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Nierwäert versteet een déi Energie déi dem Kierper iwwer d'Iessen oder soss eng Form vun Ernierung zur Verfügung gestallt gëtt.

Kuelenhydrater, Lipiden a Proteinnen[änneren | Quelltext änneren]

Bestanddeeler vun der Narung, déi Energie liwweren, sinn: d'Kuelenhydrater (17 kj/g) an d'Lipiden (34 kj/g). Déi ginn dohier och Brennstoffer genannt. D'Proteinnen (17 kj/g) liwweren zwar och Energie, ginn awer éischter zu de Baustoffer gezielt. Si hunn Aminosaieren déi fir d'zellulär Proteinsynthees wichteg sinn.

Vitaminnen, Ballaststoffer a Mineralstoffer[änneren | Quelltext änneren]

D'Ballaststoffer sinn onverdaulech a ginn erëm ganz ausgescheet. D'Mineralstoffer an d'Vitaminnen si liewesnoutwenneg. Den Organismus ka si net selwer hierstellen a si mussen dofir mat der Narung opgeholl ginn.

Zousazstoffer[änneren | Quelltext änneren]

Zu den Zousazstoffer kann een d'Aromastoffer, Bannmëttel, Konservéierungsstoffer, d'Geschmachstoffer an Additiver zielen. Et si Liewensmëttelzousazstoffer déi de Geschmaach, d'Ausgesinn an de Verfallsdatum vun de Liewensmëttel beaflossen.

Liewensmëttelgruppen[änneren | Quelltext änneren]

Produkter aus der Natur[änneren | Quelltext änneren]

Eewäiss-Produkter[änneren | Quelltext änneren]

Kuelenhydrat-Produkter[änneren | Quelltext änneren]

Fett an Uelegprodukter[änneren | Quelltext änneren]

Gedrénks[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Liewensmëttel – Biller, Videoen oder Audiodateien