Brout

Vu Wikipedia
Karbrout
Wäisst Brout
Tierkescht Fluedebrout
Knäckebrout
Toastbrout

Brout ass en traditionellt Liewensmëttel, dat aus engem Deeg vu gemuele Kären (Miel), Waasser, engem Dreifmëttel (meeschtens Hief), Salz an eventuell anere Bestandeeler gebak gëtt.

Dat Haart, Baussenzegt gëtt Kuuscht genannt, dat Mëllt bannendra Bréissem, an den Opschnëtt an de Rescht Knaus oder Bootsch. Eng Tranche Brout mat eppes drop heescht Schmier. Déi meescht Broutdeegzorte kënnen och a méi klengen, ongeféier fauschtgrousse Portioune gebak ginn; dat sinn da Bréidercher.

Broutzorten[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt zwou Grondzorte vu Brout: däers aus gesaiertem Deeg an däers aus ongesaiertem. Bei gesaiertem Brout, där zu Lëtzebuerg geleefegster Zort, gëtt en Dreifmëttel (Hief oder Deessem) an de Broutdeeg gemëscht. Dëse geet virun a beim Baken "op", doduerch gëtt d'Brout mëll a lëfteg bannendran. Ongesaierten Deeg, deen net opgeet, gëtt meeschtens zu Fluede verschafft.

Déi geleefegst Zorte Miel fir Brout si vu Weess a vu Kar, oder aus Mëschunge vun deenen zwee. Karbrout gëtt och alt "schwaarzt Brout" genannt, Weessbrout "wäisst Brout".

Gewéinlech gëtt Brout no de Kären, aus deenen et besteet (Spelzbrout), deem, wat soss derbäikënnt (Kürbiskärebrout, Nëssbrout), no senger Form (Baguette) oder sengem Gewiicht (Zweepënner) benannt.

An Europa gëtt et mat am meeschte verschidden Zorte Brout. Eleng beim däitsche Bäckereiverband sinn iwwer 300 Zorte registréiert. D'franséisch Baguette ass zanter 2022 immateriell Kulturierfschaft vun der Unesco.

Zu Lëtzebuerg gëtt Brout souwuel no der däitscher, wéi der franséischer a belscher Baktraditioun gebak; verkaaft gëtt souwuel kompakt Vollkarbrout, wéi och Baguette oder lëftegt wäisst Brout; woubäi jee nodeem, wéi no ee bei der enger oder anerer Grenz ass, dat déi eng oder aner Preferenze verstäerkt.[1]

An der orientalescher Kiche si Fluedebrout beléift, an Indien gëtt et déi méi kleng Varianten dovu wéi Chapati oder Papadam, a Pakistan gëtt Puri gebak. A Südostasie kënnt d'Brout kaum vir, an Nordchina awer schonn, a Form vu gedëmpten Hiefdeegbréidercher. An Australie sinn Damper eng Spezialitéit. Aus Mexiko kommen Tortillaen aus Maismiel, an Afrika gëtt Fluede-Brout aus gemuelenem Maniok, Mill oder Mais gebak.

Kulturgeschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Nieft senger Roll als Liewensmëttel huet d'Brout och eng grouss symbolesch a spirituell Bedeitung. Bei ville Vëlker, déi Akerbau bedriwwen hunn, huet d'Brout als helleg gegollt, an et goufen eng Rëtsch Ritualer ronderëm d'Baken oder d'Uschneiden. Bei bestëmmte reliéise Feierlechkeete gouf traditionell Brout a Forme gebak; de Boxemännchen ass ee Beispill. Och haut nach gëtt op ville Plaze Brout a Salz gereecht, fir een z'emfänken, oder fir eng Hochzäit oder en neit Haus ze zelebréieren.

Zu Lëtzebuerg war et laang de Brauch, datt d'Brout ëmmer um Kichen- oder Stuffendësch, mat engem Duch zougedeckt, louch, soudatt Besuch sech dovun zerwéiere kéint. Och gouf et den Awerglawen, datt et Ongléck géif bréngen, wann een e Brout op d'Kopp leeë géif.

An der jiddescher a chrëschtlecher Relioun spillt d'Brout och eng wichteg Roll. Sou gëtt beim jiddesche Pessach-Fest ongesaiert Brout giess, fir un den Auszuch aus Egypten z'erënneren. Am chrëschtleche Eise Papp-Gebiet gëtt als éischt drëm gebieden, "dat deeglecht Brout" ze kréien; an der Liturgie ass d'Broutbriechen, a Form vun enger Hostie, en zentraalt Theema.

Politesch war d'Fuerderung no (genuch) Brout ëmmer wichteg: Sou ass eng vun den Ursaache vun der Franséischer Revolutioun en Opstand, well et net genuch Brout gouf.

Brout gëtt et an Ausdréck wéi:

  • Brout a(n Zirkus)spiller, eng éischt Kéier vum Dichter Juvenal gebraucht.
  • säi Brout/seng Kuuscht verdéngen
  • de Mënsch lieft net vum Brout eleng
  • bei Waasser a Brout

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Muller, Jean-Claude (Ed.), 1995. Le pain des Européens - Techniques et symboles / Das Brot der Europäer - Technik und Symbolik. Livre-catalogue de l'exposition au Tutesall du 26 août au 1er octobre 1995. 160 S. SESAM asbl et les Amis de l'histoire, Luxembourg. ISBN 2-87961-001-X. (Mat Bäiträg vun: Emmanuel Bulz, Annik Châtelier-Schon, Pierre Hannick, Jeannot Kettel, Foni Lebrun-Ricalens, René Link, Carl Werner Müller, Jean-Claude Muller, Paul Muller, Frank Wilhelm)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brout – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Stéphanie Majeurs: "Homeoffice statt Backstube." d'Lëtzebuerger Land Nr.7, 17.02.2023, S.10.