E Boxemännchen, och Kuchemännchen, vereelzt Knäpp(e)männche[1] genannt, ass e Kaffiskichelchen aus Hief- oder Brioschendeeg, gebak a Form vun engem Männchen. D'Knäpp vum Männche senger Box ginn duerch an den Deeg agedréckte Roséngen oder - méi modern - Kamellen duergestallt.
Boxemännercher si meeschtens tëscht 10 an 30 cm grouss. Si gi bal nëmmen an de Woche virun Niklosdag verkaaft, a gehéieren zu deene Saachen, déi de Kleeschen zu Lëtzebuerg de Kanner bréngt.