Cougnou

Vu Wikipedia
E Cougnou

Cougnou, oder Cougnolle, ass den Numm vun engem Gebäck, dat an der Belsch traditionell ëm Chrëschtdag gebak gëtt.

Et gëtt aus Hief- oder Briochendeeg, heiansdo mat Korinthen oder Schockelasgrimmele gebak, et huet eng längelzeg Form, mat enger Kaul an der Längt. An d'Kaul gëtt eng Figur aus Marzipan geluecht, déi e Bëbee duerstellt. Den Deeg ass deemno als Wéi oder Krëppchen ze verstoen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]