Saier

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Saiere sinn am engere Sënn all cheemesch Verbindungen, déi an der Lag sinn, Protonen (H+) un e Reaktiounspartner z'iwwerdroen. Se funktionéieren als Protonendonateur. A wässreger Léisung ass de Reaktiounspartner am weesentlechen d'Waasser. Et bilde sech Oxonium-Ionen (H3O+) an de pH-Wäert vun der Léisung geet erof. Saieren reagéiere mat Basen ënner Bildung vu Waasser a Salzer.

Am méi wäite Sënn ginn duerch verschidde Saier-Base-Konzepter eng wesentlech méi breet Pallett u cheemesche Reaktioune beschriwwen, déi wäit iwwer déi uewe beschriwwe Reaktiounen erausgoe kënnen.

Saieren a Basen neutraliséiere sech géigesäiteg a gi Waasser a Salzer.

  • Beispill: Salzsaier + Natriumhydroxid ergëtt Waasser an Natriumchlorid
HCl + NaOH -> H2O + NaCl.

Beispiller vu Saieren:

Saieren hunn e pH-Wäert tëscht 0 a 7, Basen tëscht 7 a 14.

D'Stäerkt vu Saiere gëtt mam pKa-Wäert gemooss.

De Gebrauch vu Saieren ass net ongeféierlech: Saiere kënnen Net-Eedelmetaller an organescht Material verätzen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saieren – Biller, Videoen oder Audiodateien