Op den Inhalt sprangen

pH-Wäert

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Einfach pH / pOH Skala

De pH-Wäert (gekierzt fir Potenzial vun Hydrogen, Laténgesch pondus hydrogenii oder potentia hydrogenii) ass eng Mooss fir de saueren oder basesche Charakter vun enger wässereger Léisung unzeginn. Et ass déi entgéintgesat Zuel vum dekadesche Logarithmus (Logarithmus vun zéng) vun der Waasserstoffionen-Aktivitéit an eng Gréisst vun der Dimensioun Zuel (fréier: dimensiounslos Gréisst). Wat d'Konzentratioun vu Waasserstoffionen () an der Léisung méi héich ass, wat de pH-Wäert méi niddereg ass.

Mat Bezuch op d'Gläichgewiichtskonstant fir d'Autoprotolys vum Waasser (10−14 mol2l−2), gëtt eng verdënnt wässereg Léisung vu 25° C mat engem pH-Wäert vu manner wéi 7 „sauer“ genannt, eng mat engem pH-Wäert vu 7 ass „neutral“ an eng mat engem pH-Wäert vu méi wéi 7 ass „basesch“ oder „alkalesch“.

Analog zum pH-Wäert ass de pOH-Wäert déi entgéintgesat Zuel vum dekadesche Logarithmus vun der Mooss vun der Hydroxidion-Aktivitéit (a oder ).

Beispiller vum ph-Wäert

[änneren | Quelltext änneren]
Duerchschnëttlech pH-Wäerter vun e puer gebräichleche Léisungen
Substanz pH-Wäert Aart
Batteriesaier < 1 sauer
Mosaier (eniichtere Mo) 1,0 – 1,5
Zitrounejus 2,4
Cola 2,0 – 3,0
Esseg 2,5
Kiischtejus (Morell) 2,7
Orangëjus an Äppeljus 3,5
Wäin 4,0
Sauer Mëllech 4,5
Béier 4,5 – 5,0
Sauere Reen (aus verknaschter Loft) < 5,0
Kaffi 5,0
Téi 5,5
Hautuewerfläch vum Mënsch 5,5
Reen 5,6
Mineralwaasser 6,0
Mëllech 6,5
Mënschleche Spaut 6,5 – 7,4 sauer bis alkalesch
Rengt Waasser (CO2-fräi) 7,0 neutral
Blutt 7,4 alkalesch
Mierwaasser 7,5 – 8,4
Pankreassaft (Bauchspeicheldrüs) 8,3
Seef 9,0 – 10,0
Haushalts-Ammoniak 11,5
Bleechmëttel 12,5
Bëtong 12,6
Natronlaug 13,5 – 14
Legend
gro hannerluecht Bestanddeel vum mënschleche Kierper
faarweg hannerluecht Faarwe vum universalen Indicateur
Commons: pH-Wäert – Biller, Videoen oder Audiodateien