Bëtong

Vu Wikipedia
Schonn d'Kuppel vum Pantheon zu Roum gouf aus antickem Bëtong gebaut.

Bëtong ass een am Bauwiesen heefeg benotzt Material, dat meeschtens aus enger Mëschung aus Zement, Sand, Splitter oder Waken a Waasser an heiansdo Bëtongszousazstoffer a Bëtongszousazmëttel besteet. Bëtong, deen duerch Bëtongstol verstäerkt ass, gëtt Eisebëtong (Béton-armé, Stolbëtong, arméierte Bëtong) genannt. Déi stole Verstäerkung besteet meeschtens aus ronne Staangen, och Monéiereisen oder Riffeleise genannt, an/oder aus verschweessten Eisematten. Bei virgespaantem Bëtong ginn drote Seeler gebraucht, déi ënner Zuch stinn.

Wa bei der Mëschung nëmmen e Bannmëttel wéi Zement an/oder Kallek a Sand gebraucht gëtt, da schwätzt ee vu Mortier oder Speis.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bëtong – Biller, Videoen oder Audiodateien