Cola

Vu Wikipedia
Cola mat Äis an Zitroun
Coca-Cola

Cola ass e Gedrénks mat Kaffein a Kuelesaier.

Rezept an Ingredienten[änneren | Quelltext änneren]

D'Cola kritt hiren typesche Goût vun der Kolanoss, Vanill, Kanéilueleg, Neelcheskäppueleg an Zitroun. Heiansdo ginn och Ysopkraut-, Mazisbléien-, a Kalmus-Tinktur, Korianderueleg oder destilléierte Limettenueleg derbäigemaach. Déi genee Formelen a Rezepter bleiwen d'Geheimnis vun hire Produzenten.

Doriwwer eraus ass an der Cola meeschtens Koffein, Phosphorsaier, grouss Quantitéite vun Zocker, Kuelesaier an, am meeschten, Waasser. Déi typesch bronggielzeg Faarf kënnt vum Liewensmëttelzousaz E 150d. Uechter d'Welt gi verschidden Zocker- a Waasserzorte geholl, dofir schmaacht d'Cola, och vun der selwechter Mark, net ëmmer d'selwecht.

Bal all Produzenten hunn zanter der Mëtt vun den 1980er Jore Light-Produkter an hirer Offer, déi amplaz vum Zocker Aspartam an Acesulfam gebrauchen. Et gëtt och Kola ouni Koffein, oder mat spezielle Goûte wéi Kiischt, Vanill oder Zitroun).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Pharmazeut John Smith Pemberton, deen 1886 e Rezept fir e Sirup entwéckelt huet, an dee, mat Spruddelwaaser gemëscht, als Coca-Cola verkaaft huet, gëllt als Erfinder vun der Cola.

Nieft der Coca-Cola sinn eng ganz Rëtsch aner Colasmarken entstanen, déi awer der Coca-Cola hir éischt Plaz um weltwäite Marché net a Fro konnte stellen. Dee bekanntste Konkurrent ass Pepsi-Cola, déi och aus den USA kënnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cola – Biller, Videoen oder Audiodateien