Eedelmetall

Vu Wikipedia

Eedelmetaller si wéineg reaktiv Schwéiermetaller, déi an der Loft net vill oder guer net oxidéieren. Dofir komme si an der Natur och am rengen Zoustand fir. Hir Dicht ass mei héich wéi 9,5 g/cm³.

Zu den Eedelmetaller gehéieren:

Am cheemesche Sënn sinn Eedelmetaller all Metaller, déi an der elektrocheemescher Spannungsrei e positive Standardpotential géintiwwer dem Waasserstoff hunn. Traditionell gesi gëtt de Koffer allerdéngs net zu den Eedelmetaller gezielt, obwuel en am cheemesche Sënn eigentlech dozu gehéiert. Dowéinst gëtt en heiansdo als Hallefedelmetall bezeechent. Déi kënschtlech Elementer Bohrium, Hassium, Meitnerium, Darmstadtium, Roentgenium a Copernicium si sécherlech och Eedelmetaller.