Op den Inhalt sprangen

Kar (Planz)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Fruuchtzort Kar. Fir d'Gefier, kuckt wgl. Kar (Gefier).
Kar
Secale cereale
An anere Sproochen fr: seigle
de: Roggen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Commelinidae
Uerdnung Poales
Famill Séissgrieser
Gattung Secale
Wëssenschaftlechen Numm
Secale cereale
L., 1753

D'Kar (Secale cereale, dt. Roggen, fr. seigle), och alt Kuer, Kuarren, Kuärren, eng vun de Kar-Aarten (Secale), ass eng Kärenzort, déi an den temperéierten Zone wiisst. Et gëtt Summer- a Wanterkar, woubäi a Mëtteleuropa bal nëmme Wanterkar ugebaut gëtt.

D'Kar ass besser un e killt an dréchent Klima ugepasst wéi Weess. Kar ass keng klassesch Fruuchtaart, déi et schonn an der Antiquitéit gouf. Et gëtt villméi ugeholl, datt et virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessfelder vu Klengasien opkoum a mat recoltéiert gouf[1].

Kar gëtt a Mëttel- an Osteuropa geholl, fir mat sengem Miel Brout ze maachen. Soss doruechter gëtt et och als Fudder fir d'Béischte geholl. Kar kann och zu Alkohol verschafft ("gebrannt") ginn (Kardrëpp), vereenzelt gëtt et geholl, fir Bio-Ethanol ze produzéieren.

Am 19. Joerhonnert gouf d'Kar nëmmen op liichte (sandege) Biedem a Rengkultur geséit. Wou de Buedem fir reng Weesskultur net gutt genuch war, ass bewosst eng Mëschung vu Kar a Weess geséit ginn. Dës Mëschung gëtt op Lëtzebuergesch Mëscheler genannt.

Zesummesetzung

[änneren | Quelltext änneren]

Waasser 9 % Protein 12 % Fett 2,5 % Kuelenhydrater 65 % Ballaststoffer 9,5 % Mineralstoffer 2 %

Donnéeë fir 100 g

Brennwäert 1400 kJ

Calcium 33 mg Eisen 2,67 mg Magnesium 121 mg Phosphor 374 mg Kalium 264 mg Natrium 6 mg Zénk 3,73 mg Koffer 0,450 mg Mangan 2,680 mg Selen 0,035 mg

Thiamin 0,316 mg Riboflavin 0,251 mg Niacin 4,270 mg Pantothensaier 1,456 mg Vitaminn B6 0,294 mg Folsaier 0,060 mg Vitaminn E 1,870 mg Alpha-Tocopherol 1,280 mg

Tryptophan 0,154 g Threonin 0,532 g Isoleucin 0,549 g Leucin 0,980 g Lysin 0,605 g Methionin 0,248 g Cystin 0,329 g Phenylalanin 0,674 g Tyrosin 0,339 g Valin 0,747 g Arginin 0,813 g Histidin 0,367 g Alanin 0,711 g Asparagin 1,177 g Glutamin 3,661 g Glycin 0,701 g Prolin 1,491 g Serin 0,681 g

Et gëtt eng modern Kräizung tëscht Kar a Weess, Triticale, déi d'Proprietéite vun deenen zwou Aarte vereenegt.

Déi gréisst Karproduzenten op der Welt

[änneren | Quelltext änneren]
00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

No der FAO goufen 2005 weltwäit 15,5 Mio. t Kar recoltéiert. Der Rei no sinn dat, no Land:

Déi gréisst Karproduzenten op der Welt (2005)
 Rang  Land  Quantitéit 
(an Dausend Tonnen)
 Plaz  Land  Quantitéit 
(an Dausend t)
   1Russesch Federatioun   3.630   9Tschechesch Republik   197
   2Polen   3.359   10USA   191
   3Däitschland   2.794  11Éisträich   164
   4Ukrain   1.184   12Frankräich   149
   5Wäissrussland   1.155   13Dänemark   132
   6China   748   14Spuenien   126
   7Kanada   367   15Schweden   112
   8Tierkei   260   Welt   15.515

Quell: FAO, Faostat, 2006[2]

Zu Lëtzebuerg louch d'Produktioun 1990 bei 2.366 Tonnen. Dës goung bis 2006 op 8.727 Tonnen erop, fir dann nees, bis 2011 op 4.189 Tonnen erofzegoen[3].

  • Miedaner, Thomas, 2007. Roggen - Getreide mit Zukunft! 190 S. Roggenforum e. V. (Hrsg.). DLG-Verlag. ISBN 978-3-7690-0687-2.
  • Reiner, L., 1979. Winterroggen aktuell. DLG Verlag.
  • Schiemann, Elisabeth, 1948. Weizen, Roggen, Gerste. Systematik, Geschichte und Verwendung. Fischer-Verlag Jena.
 Commons: Kar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. A Géigende mat rauem Klima ass den Undeel vu Kar an der Rekolt no an no geklommen, fir op ganz aarme Bieden a kille Gebidder praktesch 100 % vun der Rekolt auszemaachen. Sou erkläert sech déi fréier staark Dominanz vum "Kuarren" am Éislek grad sou wéi an de meeschte Gebidder an Europa déi méi héich leien.
  2. FAO, Faostat , Statistik vun der FAO 2006
  3. Ministère de l'agriculture, de la viticulture et du développement durable, Service d'économie rurale: L'agriculture luxembourgeoise en chiffres 2012. op statistiques.public.lu