Kar (Gefier)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Kar, déi rullt. Fir d'Fruuchtzort, kuckt wgl. Kar (Planz).
E spezielle Modell vu Kar fir Zweespänner

Kar net ze verwiessele mat engem Car, gläichbedeitend mat Bus oder Autobus, ginn zweeriedereg Ween genannt. Se kënne gezunn oder gedréckt ginn.

Den Opbau vun enger Kar besteet aus zwéin zolitte Laangbeem op deenen en hëlze Buedem aus Madrillen oder décke Brieder läit, an déi sech no vir als d'Gestell (Brancard) verlängeren, an dat d'Päerd agespaant gëtt. Hir Säitewänn kënnen zou sinn oder aus Leedere bestoen.

Karen hu grouss Rieder mat breede Bänner, a se goufe geholl fir schwéier Rekolten oder aner Laaschten ze transportéieren. Fréier war de Woner den Haaptfabrikant vu Karen.

Den Avantage vun der Kar vis-à-vis vun engem Won ass, datt se praktesch iwwerall konnt benotz ginn, sou gutt an der Stad, wéi um Land, se war méi einfach ze fuere wéi e grousse Won, ass besser duerch déi enk Gassen an de Stied komm, well se méi kuerz konnt dréien, an d'Hannerzegfuere war méi einfach.

Verschidde Karen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bauerekar fir den Transport vu Gromperen oder Rommelen
  • Sakkärchen
  • Schubbkar
  • Wäikar oder Haquet
  • Den Teimer als einfachen Teimer oder als Kippteimer
  • De Plateau ouni Wänn, oder dacks nëmmen ouni Säitewänn, fir de Miel- oder Kuelentransport
  • D'Bayeusaine, eng Geméiskar aus der Géigend vu Bayeux mat enger Capote
  • D'Gipskaren, fir den Transport vu Gips, eng Spezialkonstruktioun vum Paräisser Woner Léon Ferry

E ganze Koup vu Spezialkare goufen a Frankräich gebaut. Dozou gehéieren d'Carriole, d'Fourragère, d'Guimbarde, d'Bombarde, d'Maringotte an d'Jardinière.