Op den Inhalt sprangen

Mëschler

Vu Wikipedia
"Moderne" Mëschler mat Scheekefriichten drënner
Rengt Weessfeld
Rengt Karfeld (eng Foto vun engem Mëschlerfeld feelt, dowéinst déi 2 Bestanddeeler eenzel)

Mëschler ass eng Mëschung vu Weess a Kar. Déi zwou Kärenzorte ginn zesumme op Felder vu mëttelster Qualitéit ausgeséit, wou de Buedem net gutt genuch ass fir renge Weess awer ze gutt fir just rengt Kar. Zesumme geplanzt war en plus den Ertrag méi héich wéi eng Kärenzort eenzel, mee zanter datt nei Weessziichtungen nach méi Rendement brénge fält deen Avantage zum gudden Deel ewech an d'Uplanze vun traditionellem Mëschler ass staark réckleefeg.

Wann hautdesdaags Bauere verschidde Kärenzorte wéi Weess, Kar oder Huewer zesumme mat Scheekefriichte wéi Ierbessen oder Saubounen uplanzen, da gëtt dat par extension och Mëschler genannt.

Traditionelle Mëschler aus Weess a Kar war geduecht fir de mënschleche Kascht, an natierlech och fir dat nächst Ausséien. De moderne Mëschler mat Scheekefriichten drënner, deen entweeder zeideg erageholl gëtt oder nach gréng als Silage, deen ass dogéint just fir d'Véi ze mäschten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Mëschler ass am 18. an 19. Joerhonnert opkomm, fir dat bescht aus mëttelméissegem Buedem erauszehuelen. De rustikale Kar koum natierlech och mat deem Buedem gutt zuwee, mee en ass net sou produktiv wéi de Weess a säi Miel ass och net sou gutt fir Brout. De Mëschler ass dowéinst e Mëttelwee. En plus ee mat besserem Rendement (11,1 hl/ha) wéi Weess eleng (10,25 hl/ha) an natierlech wéi Kar eleng (8,5 hl/ha)[1]. Déi genee Compositioun vu Weess a Kar am Mëschler huet variéiert, jee nodeem op de Buedem besser war fir déi eng oder déi aner Kärenzort, sou datt een e Maximum erauskrut[2]. Dobäi kënnt datt wann ee Joer schlecht fir eng Fruucht ass dann ass et dacks gutt fir déi aner, sou datt Mëschler eng gewësse Stabilitéitsgarantie bréngt[3].

Et gëtt awer och eng Rëtsch Desavantagen. Et ass kriddeleg fir de geneeën Ament fir de Karschnatz geroden, well de Kar éischter zeideg ass wéi de Weess, sou datt ee versiche muss um Enn vun der Period vum éischten an um Ufank vun der Period vum zweeten de Mëschler eranzehuelen. An de Kar huet anescht misse gemuele gi wéi de Weess, mat de Millesteng méi neeleg beienee fir e besser kleng ze kréien, wat beim Mëschler zu engem Kompromëss huet misse féieren on domat zu onreegelméissegem Miel[4].

D'Brout aus Mëschler war awer net schlecht, an der Wäertschätzung vu 1766 huet ee fir e Mëschlerbrout zwee Drëttel vum Präis vun engem Weessbrout misse ginn, wärend ee fir e Karbrout just d'Hallschent vum Präis vun engem Weessbrout huet missen op den Dësch leeën[5].

1817 ass op 6% vum franséischen Akerland Mëschler geplanzt ginn, wat zwar manner ass wéi fir déi eenzel aner Kärenzorten, mee trotzdeem nach eng remarkabel Productioun war. Zu Lëtzebuerg gouf zäitweis souguer méi Mëschler ugebaut wéi pure Weess [2].

Vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert u geet et du lues a lues biergof mat der relativer Popularitéit vum Mëschler, well nei Weesszorte méi Ertrag bréngen, well Méidrescher déi zum Asaz koumen d'Zäit ewechgeholl hu wou d'Fruucht a Gaarwen dréchent an d'Ënnerscheeder am zeideg si reduzéiert, a ganz einfach och well d'Leit op Wäissbrout gegamst hunn. 1980 koum dann en plus den Triticale, en Hybrid tëscht Weess a Kar, rustikal mee mat guddem Ertrag, an ouni d'Desavantagë vum Mëschler.

Enn um 20. Joerhonnert gesäit een dofir awer de moderne Mëschler mat ëm déi 80% Scheekefriichten. Dee kann een am Fréijoer schonn als Silage eranhuelen, sou datt d'Feld fräi ass fir am selwechte Joer nach Mais nozeplanzen. Déi zwee zesummen ergänze sech gutt als Véifudder.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Abel Hugo, France pittoresque, ou Description pittoresque, topographique et statistique des départements et colonies de la France… avec des notes sur les langues, idiomes et patois, sur l'instruction publique et la bibliographie locale, sur les hommes célèbres, etc., accompagnée de la statistique…, Delloye, 1835
  2. 2,0 2,1 Luxembourg. Departement für Ackerbau, Industrie und Arbeit, Charles Beffort, 1912
  3. Jean-Paul Migne, Encyclopédie théologique, ou Série de dictionnaires sur toutes les parties de la science religieuse, 1852
  4. Antoine Augustin Parmentier, Avis aux bonnes ménagères des villes et des campagnes, sur la meilleure manière de faire leur pain, beim Barrois l'aîné, 1782, S. 61-62
  5. Louis Alexandre Expilly, Dictionnaire géographique, historique et politique des Gaules et de la France, 1768, S. 113