Narung

Vu Wikipedia

Narung sinn all d'Stoffer, déi vun engem Liewewiesen opgeholl ginn, fir den Organismus opzebauen a gesond ze halen. Déi Stoffer setze sech aus den eenzele Komponenten zesummen, den Ernierungsmëttel oder Narungsmëttel.[1] Béim Mënsch gi si Liewensmëttel genannt.

De Prozess vun der Opnam vun der Narung ass d'Ernierung.

D'Narung ass d'Grondlag fir de Stoffwiessel an domat fir d'Liewen. Bei Heterotrophen (meeschtens Déieren) sinn energieräich organesch Verbindungen zentral. Bei Autotrophen (meescht Planzen) schwätzt een och vun Närstoffer; si enthale keng energieräich organesch Substanzen.

Bei den Déiere mat Verdauungstrakt a beim Mënsch gëtt d'Narung nom Ophuelen an de Kierper meescht mechanesch (zum Beispill duerch Knaen) an duerno chemesch (zum Beispill duerch d'Mosaier) an hir Bestanddeeler zerluecht. D'Energie, déi a bestëmmten Narungsbestanddeeler gespäichert ass, gëtt am Energiestoffwiessel gebraucht, zum Beispill fir d'Kierpertemperatur konstant ze halen. D'Energie gëtt och am Anabolismus fir d'Erhalen an den Opbau vum Kierper agesat, zum Beispill de Wuesstem vun de Kanner an de Muskelopbau bei Erwuessenen.

Och Waasser a Salz zielen zur Narung, och wa si net direkt am Energiestoffwiessel benotzt ginn.

Den Narungsmanktem gëtt Honger genannt a kann zum Doud vum Liewewiese féieren.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DocCheck Flexikon: Nahrung