Westlech Welt

Vu Wikipedia
Eng Kaart mat enger geleefeger Interpretatioun vun der westlecher Welt (blo)

D'Westlech Welt oder de Westen ass e Begrëff dee jee no Kontext verschidde Länner bezeechent.

D'Konzept vun der westlecher Welt huet säin Ursprong an der griichesch-réimescher Zivilisatioun an Europa an am Opkomme vum Chrëschtentum. An der Modernitéit ass d'Kultur vum Weste staark vun den Traditiounen aus der Renaissance, der protestantescher Reformatioun an dem Zäitalter vun der Opklärung markéiert. Geformt gouf se och vum expansive Kolonialismus vum 15. bis zum 20. Joerhonnert. Virum Kale Krich war déi traditionell westlech Siicht vun der westlecher Zivilisatioun déi vun de westleche chrëschtlechen (kathouleschen a protestanteschen) Länner a Kultur. Déi aktuell politesch Connotatioun ass méi rezent a wärend dem Antagonismus wärend dem kale Krich (1947–1991) entstanen.

Ursprénglech hat de Begrëff eng wuertwiertlech geographesch Bedeitung. Europa huet sech dobäi vun anere Kulturen an Zivilisatiounen am Noen Osten an an Nordafrika, Südasien, Südostasien an Extremostasien ofgesat, déi déi fréier Europäer als am Osten ugesinn hunn. Haut huet den Term keng geographesch Relevanz méi well d'Konzept op aner Regiounen ausgewäit gouf, wéi fréier europäesch Kolonien an Amerika oder Australien.

D'zäitgenëssesch kulturell Bedeitung vum Begrëff gëtt fir Europa a fréier europäesch Kolonië mat bedeitende Bevëlkerunge mat europäesche Virfahre benotzt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Westlech Welt – Biller, Videoen oder Audiodateien