Ostblock

Vu Wikipedia
Den europäeschen Deel vum Ostblock (rout)

Ostblock ass e politescht Schlagwuert, dat an der Zäit nom Zweete Weltkrich a wärend dem Kale Krich fir d'Sowjetunioun an hir europäesch Satellittestaaten benotzt gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nom Zweete Weltkrich hunn zwou Supermuechten d'Weltpolitik dominéiert. Si ware sech géigeniwwer feindlech agestallt. Dat waren d'USA an d'Sowjetunioun. D'USA hunn zesumme mat der demokratescher westlecher Welt ee Block gebilt (de "Westen"), an d'Sowjetunioun mat de sozialisteschen a kommunistesche Staaten an Osteuropa an Zentralasien deen aneren (den "Osten" oder "Ostblock").[1]

De Begrëff "Ostblock" ass heibäi awer vum Weste gepräägt ginn. Dobäi schwéngt mat, datt déi osteuropäesch Länner vun der Sowjetunioun beherrscht gi sinn a keng eege Politik bedreiwe konnten. Am Ostblock hunn all d'Staaten enk zesummegeschafft, esou zum Beispill an engem gemeinsame Wirtschaftsrot an enger Militärallianz (dem Warschauer Pakt). All Oppositioun géint d'Politik vun der kommunistescher Partei ass dobäi mat Gewalt ënnerdréckt ginn.[1]

Wéi d'Berliner Mauer 1989 gefall ass an et an der DDR, a Polen, an der Tschechoslowakei an an Ungarn friddlech Revolutioune gouf, ass den Ostblock 1990 auserneegebrach. Verschidde Länner, déi fréier Deel vum Ostblock waren, sinn haut Memberen an der Europäescher Unioun an an der NATO.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Bundesstelle für politische Bildung: Ostblock