Zäitalter vun de Lumières

Vu Wikipedia
De Jean-Jacques Rousseau

Mat Zäitalter vun de Lumières (fr: siècle des lumières) oder och Zäitalter vun der Opklärung bezeechent een eng Epoch an der geeschteger Entwécklung vun der westlecher Gesellschaft am 17. an 18. Joerhonnert, déi besonnesch duerch d'Bestriewe geprägt ass d'Denkweis duerch d'Vernonft vun ale Virstellungen, Virurteeler an Ideologien ze befreien.

Opklärung am Allgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Ënner Opklärung am allgemenge Sënn versteet een e gesellschaftlechen Emanzipatiounsprozess, deem säin Zil et ass, traditionell an autoritär Geeschteshaltunge kritesch ze hannerfroen, an dat duerch d'Vernonft. Den opgekläerte Mënsch soll net méi einfach duerch d'Ueweregkeet, d'Moud an den Zäitgeescht beaflosst ginn, mä, laut der Definitioun vum Immanuel Kant, aus "seiner selbst verschuldeten Unmündigkeit" erauskommen, a säi Liewe selwer an d'Hand ze huelen.

Kant: Was ist Aufklärung?

Déi modern europäesch Opklärung fänkt mat der Renaissance an domat der neier Gebuert vun der Antiquitéit un. D'Renaissance an d'Reformatioun bilden d'Virspill fir dat sougenannten Zäitalter vun de Lumières oder Zäitalter vun der Opklärung. Tëscht dem Virspill an der "tatsächlecher" Opklärung läit awer den Drëssegjärege Krich. Dofir gëtt d'Opklärung och als eng Fortsetzung vun der Renaissance nom Drëssegjärege Krich bezeechent.

Et kann een d'Zäitalter vun der Opklärung och mam Romanist Werner Krauss a Fréiopklärung, Opklärung a Spéitopklärung andeelen. Da versteet een ënner Opklärung am méi enke Sënn d'Perdio déi an der Mëtt vum 18. Joerhonnert a Frankräich duerch d'Diskussioune ronderëm d'Encyclopédie bestëmmt war.

Zesumme mat der Opklärung koum et och zu engem naturwëssenschaftlechen an techneschen Erkenntnesfortschrëtt. Si huet och staark d'Educatioun vun humanistesche Virstellunge beaflosst, well och d'Eethik sollt rationale Krittären ënnerworf ginn.

Geschichtlechen Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

D'Zäitalter vun de Lumières ass d'Epoch an der europäescher Geeschtesgeschicht am 17. an 18. Joerhonnert. Si war geprägt duerch eng Beweegung vun der Säkulariséierung an et gouf sech vun enger absolutistescher Staatsopfaassung zu enger méi demokratescher gewand, dëst och duerch d'Opkomme vum Liberalismus mat sengem Konzept vun de Mënschen- a Biergerrechter. D'Beweegung ass fir en Denke mat der Vernonft a géint d'Virurteeler an de reliéisen Awerglawen agetrueden, géint dee si eng "Vernonftsrelioun" entwéckelt huet. Wëssenschaft an Educatioun sollte gefërdert an an alle Volleksschichte verbreet ginn.

D'Opklärung goung virun allem vun England, Frankräich, Polen an Däitschland aus. Déi wichtegst Viraussetzunge fir d'Opklärung war d'Renaissance, déi nei Entdeckungen an Iwwerséi an d'Weltbild wat doraus entstanen ass, d'Produktioun vu Pabeier an de Buchdrock. Domat konnte sech och d'Bierger Bicher leeschten, an e Verlagswiese mat Zeitungsproduktioun a Bichermaart ass entstanen.

Géint Enn vum 17. Joerhonnert war d'Reesliteratur a Moud. Hat een nach virdrun d'Europäer (an d'Chrëschte) fir iwwerleeë gehalen, sou huet een elo gelies, datt munnech Anescht- oder Ongleeweger, wéi zum Beispill d'Chinesen héich eethesch Prinzipien haten, an och am Stand waren, eng eegen Héichkultur ze hunn. D'Reesliteratur vun där Zäit huet méi oder wéineger d'europäesch Gesellschaft kritiséiert. A fiktive Reesberichter wéi zum Beispill am Montesqieu senge Lettres persanes, gesinn d'Leit hir eege Welt duerch d'Ae vu Friemen - mat erliichtende komesch-satireschen Effekten.

Als eng vun de wichtegsten Errongenschafte vun der Opklärung gëllen déi éischt demokratesch Constitutiounen an den USA 1787, Polen 1791, Frankräich 1791 an Holland 1798.

Allgemeng Charakteristika[änneren | Quelltext änneren]

Immanuel Kant

De wichtegste Grondsaz vun der Opklärung beseet, datt d'Vernonft am Stand ass, d'Wourecht un d'Liicht ze bréngen. Net wéineg Unhänger vun der Opklärung si wéinst dëser Iwwerzeegung, hire Fuerschungsresultater oder politeschen Usiichten agespaart ginn, oder an den Exil geflücht.

Den Immanuel Kant huet kuerz virum Enn vun der Opklärungsepoch déi bekanntst Definitioun a senger Schrëft Was ist Aufklärung? geliwwert. Do fënnt sech och de Leitsproch: "Habe Mut, dich deines eigenen Verstandes zu bedienen!" ("Sapere aude"). Hien zilt op de Widderstand vu bausse géint d'Opklärung, mä och op eng inner Befreiung vun der Bevirmondung. Un d'Plaz vum schaarf kritiséierten Awerglawe gouf d'Opfuerderung gestallt, zu all Zäit selwer ze denken.

De Spinoza huet a sengem theologesch-politeschen Traité vun 1670 d'Thees vertrueden, Juddentum a Chrëschtentum wieren nëmme vergänglech Phenomeener ouni absolut Gëltegkeet. D'Fuerderung vun den Opkläerer fir Gedanken- a Glawensfräiheet konnt sech ënner anerem um John Locke seng A Letter concerning Toleration (1689) beruffen. Den John Toland huet 1696 e Buch verëffentlecht, an deem hie behaapt huet, datt d'Bibel zum Deel eng Fälschung wier, an d'Kierch en Interessi dorun hätt, d'Mënschen ze täuschen. De Jean Meslier ass mat senge Betruechtungen a Fuerderunge souguer nach e Schrack méi wäit gaange wéi den Toland. De Pierre Bayle huet den Awerglawen attackéiert, souwéi och aner Virurteeler, an den Hollänner Balthasar Bekker huet sech iwwer d'Hexeprozesser lëschteg gemaach. Säi Landsmann, de Gerhard Noodt, huet sech als Direkter vun der Universitéit vu Leiden 1699 dofir ausgeschwat, datt de Fürsten d'Muecht vum Vollek kéint geholl ginn. An enger weiderer Ried am Joer 1706 war hie fir eng absolut Fräiheet vun den Ënnertane vis-à-vis vun de Fürste wat Reliounsfroen ugaangen ass.

D'Mënsche vun der Opklärung ware vum Glawe befligelt, datt d'Vernonft an d'Fräiheet d'Mënschheet a ofsehbarer Zäit vun Ënnerdréckung an Aarmut géifen erléisen. Vill hunn de Francis Bacon mat sengem Slogan "Wëssen ass Muecht" ënnerstëtzt. A Frankräich ass déi berüümten Encyclopédie entstanen, erausgi vum Denis Diderot a Jean d'Alembert, an eng jett Opkläerer vu groussen Numm wéi Voltaire a Montesquieu hunn Artikele fir d'Haaptwierk vun der Opklärung geschriwwen.

Och de Jean-Jacques Rousseau huet sech doru bedeelegt. A senger Schrëft Discours sur les Sciences et les Arts vun 1750 huet hien d'Fro op dës zu sengem moralesche Fortschrëtt vun der Mënschheet gefouert hätte mat "Nee" beäntwert. Seng politesch Schrëften hu vill Vertrieder vun der Franséischer Revolutioun staark beaflosst.

De Voltaire war e Géigner vun der Kierch an huet d'Geschichtsschreiwung erneiert. E groussen Deel vu sengem gudde Ruff krut hien duerch säin erfollegräiche Kampf géint Justizirrtümer a Willkür.

D'Opklärung war virun allem eng Saach vum räichen an ökonomesch erfollegräiche Biergertum. Vill Aristokraten hu mat der Beweegung sympathiséiert, an hunn Opkläerer finanziell a juristesch ënnerstëtzt. De Condorcet ass souguer sou wäit gaangen, an huet säin Adelstitel ganz ofgeluecht.

Opgrond vun der strenger Zensur a Frankräch hu vill franséisch Drockereien zu Amsterdam geschafft, wou och vill berüümt Opkläerer eng Stopp fonnt hunn. Schrëfte goufe vun do a Frankräich geschmuggelt. Dat selwecht Muster fënnt een och an Éisträich, wou vill Drockwierker an Däitschland erauskomm sinn.

D'extrem Betounung vu Ratio an Objektivitéit vun der Opklärung huet zu enger Géigebeweegung gefouert, d'Romantik, déi Individualitéit a subjektiv Erfarung betount huet, an d'Mënschen an enger Welt, an där Wäerter a Reegelen eenzeg vun de Krittäre vun der Vernonft bestëmmt ginn, als Gefaangen ugesinn huet.

Representante vum Mouvement[änneren | Quelltext änneren]

Denis Diderot

An England:

An Däitschland:

A Frankräich:

An Italien:

A Polen:

An Éisträich:

An Nordamerika:

Grouss Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Säit vun der Encyclopédie

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Ehrhard Bahr (Ersg.), Was ist Aufklärung? Theesen und Definitionen. Reclam, Stuttgart 2004, ISBN 3-15-009714-2
  • Ernst Cassirer, Die Philosophie der Aufklärung. Meiner, Hamburg 1998, ISBN 3-7873-1362-1
  • Gudrun Hentges, Schattenseiten der Aufklärung. Die Darstellung von Juden und "Wilden" in philosophischen Schriften des 18. und 19. Jahrhunderts. Wochenschau-Verlag, Schwalbach/T. 1999, ISBN 3-87920-485-3
  • Frank Kelleter; Amerikanische Aufklärung. Sprachen der Rationalität im Zeitalter der Revolution. Schöningh, Paderborn 2002, ISBN 3-506-74416-X
  • Panajotis Kondylis, Die Aufklärung im Rahmen des neuzeitlichen Rationalismus. Meiner, Hamburg 2002, ISBN 3-7873-1613-2
  • Werner Krauss, Studien zur deutschen und französischen Aufklärung. Rütten & Loening, Berlin 1963
  • Peter Pütz, Die deutsche Aufklärung. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt 1991, ISBN 3-534-06092-X
  • Helmut Reinalter (Ersg.), Die Aufklärung in Österreich. Ignaz von Born und seine Zeit. Lang, Frankfurt/M. 1991, ISBN 3-631-43379-4 (Demokratische Bewegungen in Mitteleuropa 1770-1850; Bd. 4)
  • Jochen Schmidt (Ersg.), Aufklärung und Gegenaufklärung in der europäischen Literatur, Philosophie und Politik von der Antike bis zur Gegenwart. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt 1989, ISBN 3-534-10251-7
  • Winfried Schröder (Ersg.), Französische Aufklärung. Bürgerliche Emanzipation, Literatur und Bewußtseinsbildung. Reclam, Leipzig 1979
  • Jürgen Stenzel (Ersg.), Das Zeitalter der Aufklärung (Deutsche Schriftsteller im Porträt, Bd. 2), Beck, München 1980, ISBN 3-406-06020-X

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]