Immanuel Kant

Vu Wikipedia
Immanuel Kant
Gebuer 22. Abrëll 1724
Königsberg
Gestuerwen 12. Februar 1804
Königsberg
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Philosoph, Anthropolog, Physiker, Bibliothecaire, Schrëftsteller, Pedagog, Universitéitsprofesser, Mathematiker
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften
Famill
Papp Johann Georg Kant

Den Immanuel Kant, gebuer den 22. Abrëll 1724 zu Königsberg, an do gestuerwen den 22. Februar 1804, war een däitsche Philosoph vun der Opkläerung. De Kant zielt zu de bedeitendste Vertrieder vun der westlecher Philosophie. Säi Wierk Kritik der reinen Vernunft markéiert eng nei Epoch an der Geschicht vun der Philosophie an den Ufank vun der moderner Philosophie.

De Kant huet eng nei, ëmfaassend Perspektiv an der Philosophie geschaaft, déi bis haut aktuell ass. Dozuu gehéiert net nëmme säin Afloss op d'Erkenntnistheorie an d'Metaphysik mat der Kritik der reinen Vernunft, ma och op d'Eethik mat der Kritik der praktischen Vernunft an der Esthetik mat der Kritik der Urteilskraft.

De Kant huet doriwwer eraus bedeitend Texter iwwer Reliouns-, Droits- a Geschichtsphilosophie geschriwwen, souguer och iwwder d'Astronomie an d'Geowëssenschaften.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Immanuel Kant – Biller, Videoen oder Audiodateien