Montesquieu

Vu Wikipedia
Montesquieu
Gebuertsnumm Charles-Louis de Secondat
Gebuer 18. Januar 1689
Gestuerwen 10. Februar 1755
Paräis
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Aktivitéit Philosoph, Schrëftsteller, Romancier, Soziolog, Affekot, Riichter, Enzyklopedist, Historiker, Politiker, Jurist
Member vun Académie française, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Royal Society

De Charles-Louis de Secondat, baron de La Brède et de Montesquieu, gebuer den 18. Januar 1689 um Schlass vu La Brède bei Bordeaux, an de selwechten Dag an der Kierch vu La Brède gedeeft, a gestuerwen den 10. Februar 1755 zu Paräis, war e franséische Wëssenschaftler, Philosoph, Historiker an Auteur. Hien ass eng vun den Haaptfigure vum Zäitalter vun der Opklärung a Vertrieder vum Naturrecht. Hie gëllt och als Virdenker vun der Politwëssenschaft.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Säi Basisstudium huet de jonke Montesquieu op Wonsch vu sengem Papp bei den Oratorianer am Kolléisch vu Juilly bei Meaux (Seine-et-Marne) gemaach.[1] Duerno huet en zu Bordeaux Droit studéiert a krut de 14. August 1708 seng Ernennung als Affekot beim Parlement de Guyenne (woubäi Parlement als Geriichtshaff ze verstoen ass). Vu 1709 un huet hie sech zu Paräis opgehalen, wou hien éischt sozial-kritesch Observatioune maache konnt. Wéi säi Papp 1713 gestuerwen ass, koum hien zeréck op Bordeaux. Hien huet sengem Papp säin Titel baron de La Brède geierft, gouf Conseiller au Parlement (Riichter) an huet sech 1715 mat enger räicher Kalvinistin bestuet. 1716 huet de Montesquieu d'Lännereie vu Montesquieu bei Agen mam Titel baron de Montesquieu vu sengem Monni geierft; donieft krut hien och nach dem Monni säi Verméigen a seng Charge als Président à mortier beim Parlement de Guyenne vermaach (Mortier steet fir d'Kappbedeckung vu verschidden héich Magistraten).

De Montesquieu, dee Member vun der Académie de Bordeaux gi war, huet sech zimmlech fir alles intresséiert, besonnesch awer fir historesch a politesch Froen. Scho 1716 huet hien an enger Dissertatioun iwwer d'Réimer an d'Relioun behaapt, de Glawe wier soss näischt wéi eppes, wat vun de politesche Cheffen oder Leaderen erfonnt gëtt oder gouf, fir d'Vollek kleng ze halen an ze beherrschen.

Well hie keng grouss Begeeschterung fir d'Magistratur hat, ass de Montesquieu vill gereest. 1721 huet hien zu Amsterdam (wéinst der kinneklecher Zensur a senger Heemecht) e Buch anonym, ënner dem Titel Lettres persanes, publizéiere gelooss. Et huet awer net laang gedauert, bis jiddwereen zu Paräis wousst, wien den Auteur vun deem sozialkritesche Wierk wier, an de Montesquieu ass souzesoen iwwer Nuecht bekannt a gefeiert ginn. Hien ass iwwerall invitéiert ginn, wou et gegollt huet, gesinn ze ginn, huet all dichteg a wichteg Leit kenne geléiert an ass geschwënn, 1728, an d'Académie française opgeholl ginn. Tëscht 1728 a 1731 huet hien eng reegelrecht soziologesch Enquête uechter Europa geféiert, an hien ass intensiv an Éisträich, Ungarn, Italien, Bayern, Preisen, Holland an England gereest. Wéi de Montesquieu 1731 erëm doheem zu La Brède war, huet hien ugefaange, seng Lektüren, Notizen, Iwwerleeungen a Souveniren auszenotzen, fir säi literarescht Wierk opzebauen. Aus senge Schrëfte gesäit ee kloer, datt hien ëmmer drop aus war, e Sënn an der Geschicht oder an de gesellschaftlechen Evolutiounen ze fannen. De Montesquieu gëllt net fir näischt als Grënner vun der Science politique. Hien ass besonnesch bekannt, fir d'Formulatioun vun der Dräideelung vun der Staatsgewalt (legislative Pouvoir, exekutive Pouvoir a judikative Pouvoir) - a senge Wierder: Séparation des pouvoirs -, woubäi d'Elengherrschaft oder d'Willkürherrschaft sollen onméiglech gemaach ginn.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Montesquieu gouf den 30. Abrëll 1715 mat engem räiche Meedchen aus enger protestantescher Famill, der Jeanne Lartigue bestuet. D'Hochzäit gouf ouni grousse Pomp an der Basilika Saint-Michel vu Bordeaux gehalen an d'Koppel krut dräi Kanner: de Jean-Baptiste (*1716), d'Marie (*1717) an d'Denise (*1727). Dem Jean-Baptiste säi Jong Charles-Louis gouf Offizéier a mat him ass d'Linn ausgestuerwen.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Lettres familieres a divers amis d'Italie, 1767
  • Dissertation sur la politique des Romains dans la Religion (1716).
  • Lettres persanes (Amsterdam, 1721).
  • Sur la monarchie universelle en Europe (17).
  • Essai sur les causes qui peuvent affecter les esprits et les caractères (1735-37); eréischt 1892 fir d'éischt publizéiert.
  • Considérations sur les causes de la grandeur des Romains et de leur décadence (1734).
  • De l'Esprit des lois (1736-1742: déi éischt 18 Bicher, vu 26, déi virgesi waren, si fäerdeg; bis 1748 ass dat ganzt Wierk fäerdeg, woubäi d'Bicher XXVII bis XXXI nach drugehaang goufen).
  • Souvenirs de la cour de Stanislas Leckzinski (1747); de Stanislaus Leckzinski, fréiere Kinnek vu Polen, war Herzog vu Loutrengen an dem Kinnek Louis XV. säin Eedem.
  • Défense de l'Esprit des lois (1750).
  • Goût; Artikel fir d'Encyclopédie vum Denis Diderot a vum Jean d'Alembert (1757).
  • Le Spicilège (en anonymt Wierk mat Gedanken zu allméiglechen Theemen, dat vu 1713 un, vum Montesquieu iwwerholl an ëm- an ausgebaut gouf).
  • Pensées oder Mes pensées (1716-1755).
  • Mémoire de ma vie (17).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Louis Althusser, Montesquieu, la politique et l'histoire ; Paräis (Presses universitaires de France), 1959.
  • Jean Ehrard, Politique de Montesquieu ; Paräis (Armand Colin), 1965.
  • Jean Starobinski, Montesquieu par lui-même ; Paräis (Seuil; collection "Écrivains de toujours"), 1953; 1967,...1994 (<- Rééditiounen).
  • Paul Vernière, Montesquieu et l'Esprit des lois ou la Raison impure ; Paräis (éd. SEDES), 1977.
  • Alain Juppé, Montesquieu, le moderne ; Paräis (Perrin), 1999. ISBN 2-26-201401-9
  • Jean Lacouture, Montesquieu - Les vendanges de la liberté ; Paräis (Seuil), 2003; 367 Säiten. ISBN 2-02-053565-3
  • Guillaume Barrera, Les lois du monde - Enquête sur le dessein politique de Montesquieu ; Paräis (Gallimard), 2009.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Proselytismus vum Jesuittekolléisch vu Bordeaux huet et mat sech bruecht datt vill räich Leit vu Bordeaux hir Kanner op Juilly geschéckt hunn cf. Biographie de Montesquieu