Educatioun

Vu Wikipedia
Indoktrinatioun am Klassesall, d'Inkorporatioun vu politeschen Inhalt am Studiematerial oder Enseignanten, déi hir Roll mëssbrauche fir Studenten ze indoktrinéieren, geet géint d'Ziler vun der Erzéiung déi no Gedankefräiheet a kriteschem Denken sichen.

Educatioun oder Pedagogik (v. griich. παιδαγογια, vu παιδος (paidos) Kand an αγω féieren, grousszéien) befaasst sech mat der Erzéiung an der Bildung. Si soll virun allem mat systematesche Fuerschungsmethode schaffen, fir Erkenntnesser iwwer d'Erzéiungsprozesser ze kréien an och zur Bildung bäizedroen.

Beim Erzéiungsprozess gi Kanner a Jugendlecher duerch déi pedagogesch Verantwortlech (Elteren, Erzéier, Schoulmeeschteren a Professeren) an d'Welt vun den Erwuessenen agefouert. De Jonktem léiert dobäi Reegelen, Normen a Behuelen, mä och selbststännegt Denken an Handelen.

De modernen a ganzheetleche Bildungsbegrëff dogéint steet fir de liewenslaangen Entwécklungsprozess vum Mënsch, bei deem e seng geeschteg, kulturell a liewenspraktesch Fäegkeeten a seng personal a sozial Kompetenzen erweidert.

Erzéiung kënnt vu baussen - de Bildungsprozess awer ass e selbstännege Prozess, dee vu banne kënnt an op d'Erzéiung opbaut. Wichteg Faktore bei der Educatioun sinn d'Natur, d'Gesellschaft an den Individuum selwer.

Disziplinne wéi d'Soziologie an d'Psychologie spille bei der Educatioun eng grouss Roll.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Histoire de l'enseignement et de l'éducation ; 4 Bänn; Paräis (Perrin / tempus-Täschebicher), 2003-2004 (Originalausgab: 1981):
  1. Michel Rouche, I. Ve avant J.-C - XVe siècle (ISBN 978-2-262-02099-6);
  2. François Lebrun, Marc Venard & Jean Quéniart: II. 1480-1789 (ISBN 978-2-262-02147-4);
  3. Françoise Mayeur, III. 1789-1930 (ISBN 978-2-262-02094-1);
  4. Antoine Prost, IV. Depuis 1930 (ISBN 978-2-262-02095-8).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Educatioun – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Educational Measurement and Applied Cognitive Science op uni.lu
  • Bachelor Professionnel en Sciences de l'Education, Nofollger vum Certificat d'Etudes Pédagogiques (CEP) dee vum ISERP ausgestallt gouf, op uni.lu
  • Portal vun der Educatioun zu Lëtzebuerg education.lu