Demokratie

Vu Wikipedia
Eng Fra zu Kinshasa mécht Gebrauch vun hirem Stëmmrecht bei de kongoleesesche Presidentschaftswalen 2018
D'Verbreedung vun der Demokratie op der Welt. (Stand 2022)

D'Demokratie ass e politesche System an deem d'Muecht bei der Majoritéit vum Vollek läit.

En huet säin Ursprong am antike Griicheland, wou dee System am 5. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung an de Polise wéi Athen opkomm ass.[1]

Déi meescht Länner an der westlecher Welt gëllen haut als Demokratien an deenen e Parlament d'Gesetzer stëmmt. Och d'Groussherzogtum Lëtzebuerg ass eng Demokratie. Am éischten Artikel vun der Lëtzebuerger Constitutioun steet:

«Art. 1er. Le Grand-Duché de Luxembourg est un Etat démocratique, libre, indépendant et indivisible.»[2]

Ethymologie[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Demokratie kënnt vum algriischen δημοκρατία (dēmokratiā), wat een als "Herrschaft vum Vollek" kann iwwersetzen. Et setzt sech aus de Wieder δῆμος (dēmos), "Vollek", a κρατός (kratós), "Gewalt", "Muecht" oder "Herrschaft" zesummen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Britannica: Democracy vum Robert A. Dahl (8. Februar 2019)
  2. Verfassung vu Lëtzebuerg