Kaschmir

Vu Wikipedia

Kaschmir (Devanagari: कश्मीर, Urdu: کشمیر, ass e fréiere Fürstestaat a Südasien, am Himalaya, deem säin Territoire vun enger Fläch vu ronn 222.000 km², haut tëscht Indien, Pakistan an der Volleksrepublik China gläichermoosse beusprocht gëtt.

Dobäi ass déi haiteg de-facto Opdeelung déi hei: an den indesche Bundesstaat Jammu a Kashmir mat 101.000 km² an 10,1 Mio. Awunner, déi pakistanesch Regioun Gilgit-Baltistan an dat deelweist autonoomt pakistanescht Asad Kaschmir mat am Ganze 84.000 km² an ca. 5 Milliounen Awunner, souwéi verschidde chineesesch Territoiren (ë. a. Aksai Chin mat 37.000 km² an e puer Dausend Awunner).

Den indeschen Deel vum Kaschmir ass ënnerdeelt an d'Divisiounen (Divisions) Jammu, Kaschmir a Ladakh, woubäi de Ladakh déi gréisst ass.

territorial Revendikatiounen am Kaschmir:
•Hellgiel: Ënner indescher Kontroll (Bundesstaat Jammu a Kashmir)
•Orange: Ënner pakistanescher Kontroll (Asad Kaschmir)
•Olivgréng: Ënner pakistanescher Kontroll (Gilgit-Baltistan)
•Giel: Ënner chineesescher Kontroll (Aksai Chin)
•Brong: Shaksgam-Dall (vu Pakistan u China ofgetrueden, net vun Indien unerkannt.)

D'Urspréng vum haitege Spannungsverhältnes am Kaschmir ginn op där enger Säit zeréck op d'Eruewerungscampagne vun 1819 vun de Sikhen aus dem Punjab, déi de mosleemesche Kaschmir mam hinduistesche Jammu vereenegt hunn, an op där anerer op d'Opdeelung vu Brittesch-Indien, am Joer 1947, an d'Staate Pakistan an Indien.

Bei där Opdeelung blouf de Kaschmir ufanks onofhängeg, gouf dann awer vu Paschtunen, déi vum Pakistan ënnerstëtzt goufen, ugegraff. De Maharadja vum Kaschmir huet Indien zur Hëllef geruff, an de 26. Oktober 1947 erkläert, de Kaschmir un d'Indesch Unioun unzeschléissen. Pakistan huet dat net akzeptéiert, an d'Situatioun ass eskaléiert bis et zum éischten Indesch-Pakistanesche Krich koum, deen 1949 mat der De-facto-Spléckung vum Kaschmir, ënnert der Vermëttlung vun de Vereenten Natiounen, ausgoung. D'Grenz tëscht dem pakistaneschen an dem indeschen Deel ass d'Linn vum Waffestëllstand („Line of Control“) vun deemools, déi bis haut ënner dem Mandat vun de Vereenten Natioune steet.

China ass als drëtt Partie indirekt um Kaschmirkonflikt bedeelegt: Nodeems 1956 an 1962 chinesch Truppen d'Aksai-Chin-Plateau am Oste vu Kaschmir besat haten, huet Indien de Rapprochement mat der Sowjetunioun gesicht. Pakistan huet dorposhin eng Alliance mat China gesicht an 1963 eng Schmuel sträif ronderëm d'Biergregioun vum K2 u China ofgetrueden.


1965 koum et, well de Sträit an der Regioun nach ëmmer net gezësst war, zum Zweeten Indesch-Pakistanesche Krich. 1999 koum et zum Kargil-Krich, wéi bewaffent Unitéiten, déi vu Pakistan ënnerstëtzt goufen, an d'Kargil-Regioun agebrach sinn.

2003 koum et da lues a lues zu engem Entspanungsprozess, de pakistanesche President Pervez Musharraf huet proposéiert, datt souwuel Pakistan wéi Indien hir Militärtruppen aus dem Kaschmir ofzéie sollten. Indie wollt dat awer net, wéinst der komplexer an onstabiller Lag an aus Angscht, datt Extremiste kéinten heemlech aus Pakistan erakommen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Karl-Heinz Golzio: Der Konflikt um Kaschmir – seine Wurzeln, sein Ausbruch, seine Entwicklung. In: Stephan Conermann (Hg.): Asien heute: Konflikte ohne Ende ... (= Bonner Asienstudien 2). Hamburg-Schenefeld 2007, S. 19–37.
  • Alistair Lamb: Kashmir. A disputed legacy 1846–1990. Hertingbury, Hertingfordshire 1991.
  • Mridu Rai: Hindu Rulers, Muslim Subjects: Islam, Community and the History of Kashmir. C. Hurst & Co Publishers 2004, ISBN 1-85065-701-7.
  • Oliver Uhrig, Vera Kudlinski: Das Kaschmir-Tal, Leben zwischen Paradies und Abgrund. Horlemann 2007, ISBN 978-3-89502-245-6.
  • Brigid Keenan: Travels in Kashmir: A Popular History of its People, Places and Crafts. Permanent Black Pub & Himalayana 1989, ISBN 81-7824-165-X.
  • K. Warikoo (Hrsg.): The Other Kashmir. Society, Culture and Politics in the Karakoram Himalayas. Institute for Defense Studies and Analyses. Pentagon Press, Neu Delhi 2014.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kaschmir – Biller, Videoen oder Audiodateien